LOL.
Du mess mega Fotoen Lex, mee vue dass ech wees was du kanns, froen ech mech was du dir bei der heiten geduecht hues?!
Ok, du hues d'Farwen verännert. Du benotzt Farwen wéi se an der Natur net sin. D'Opdeelung (1/3 - 2/3) as no der Schoul, mee sans plus.
Also d'Farwen sin definitif net menges. An enger Zeitung oder sou (net am Wort) kéint ech mir d'Foto awer nach eventuel virstellen), mee soss entgeht dës Foto dengem Style!
Waat mer bis lo opgefall ass wann ech sou deng Kommentarer liesen an deng Fotoen kucken, ass dats de mängen ech e besse konservativ bass!
Ech sin eben graad de géigendeel!
Firwaat muss een gringt blaat gring knipsen? Just well et sou troichteg ass? Sou mech jidfereen et, so ass et schon emmer gemeet gin....
Firwaat d'Fotoen sou maachen wéi se a wiirklechkeet sin a wi jidfereen se kännt? Firwaat net de Leit eng Welt weisen déi ''fläit'' méi schéin oder méi triste ass wéi déi an där mär liewen?
Ech mängen wanns de sou meng Fotoen kucks gesäis de dat se net emmer sou sin wi et a wiirklechkeet dobäusssen ass (z.B déi mam Bloen Besch) Mee wou steet daat dat se mussen sou sin? Just well et emmer sou wuar, heescht daat dat et emmer sou bleiwe muss!
Ech hu wiirklech guer näischt dogéint wann da di foto net gefällt, net all Foto ka jidferengem gefaalen!
Ech probéieren eben de Leit mat ménge fotoen epes ze weisen waat se nach net kännen, probéieren hinnen d'Welt mol aanescht ze weisen wi se ass, an do gin et immens vill méiglechkeeten, ouni Photoshop, d'muss een se just akännen an davunner profitéieren...
DAAT ass eben graad mäi Style!
PS: Op där heite Foto sin d'Fuarwe net verännert, daat wuar deen Daag iert ech mäin Fotoapprat a Reparatur gin hun well d'atomatesch Wässibalace am Eemer wuar Dowéinst sin se sou!
Gutt geschriwen Lex. Gin dir och 2 mol Recht.
- Ech sin ee konservativen Fotograf.
- An et as gutt, dass Leit wéis du méi avantardistesch Fotoen machen.
Ech hun deng Foto jo och net verworf, mee se och rem mat dengen aneren Arbeschten verglach, déi mir méi konsequent schengen.
Also ech gin der och Recht, dass een den Leit roueg kann eng Welt weisen déi méi schéin oder méi triste ass wéi eis. An ech fannen des Foto trotzdem och net gudd. Gesait éichter aus wéi en Schnappschoss. An d'Faarwen gefaalen mer hei och net, mee bon, deng Waissbalance war jo futti, dofir loossen mer lo einfach deen lechten Punkt ewech...
W.e.g urtdeeel net iwwert d'Qalitéit vun enger .jpg 610 x 410 Pixel Foto mat kalitéit 7! Do mess de dech lächerlech! Ok, d'fuarwen, do hun ech mängen ech genuch ennen geschriwwen... daat kann da gefaalen oda eben net.
Uah du mess mech mell, dass de emmer all Wuert muss bis an den Ursprong vum Wuert analyseieren. UAAAAAH Schreiwen ab lo mengen ech nemmen na: "gefällt mer" oder "gefällt mer net" bei dengen fotoen
Nee, daat hun ech net domadder gemängt, eng konstruktiv kritik ass just eben net eng Foto an där gréisst op hier kelitéit hin ze jugéieren an se dann als schnappschoss ze erklären.
An där gréisst maan ech suguer mam Handy schaarf Biller
ech hun se jo net op qualitéit vun der jpg kritiseiert mee op allgemeng d'idee, emsetzung... kann een och als qualitéit bezeechnen, halt eng aaner wei bildqualiteit.
D'emsetzung ass jo eigentlech net schlecht, entsprecht der schuol, mee sans plus, wi de RivanerJoe scho seet ass jo net dat ech lo iergentwéi eng extravaganz kompositioun an deem Bild hun, ganz normal eben, just aaner fuarwen, verwackelt grieser durch de wand an di laang zäit...
"Kadrage no der Schoul" muss net gudd sin Daat sin usech Richtlinnen, déi net emmer gudd ausgesin. Obschon, mam Kadrage hun ech bei deser Foto keen Problem, deen ass gudd.