Ah dee Baam hun ech schon gesin.. dee steet op den Zeiwespetzen flott Fuerwen.. ech fanne just e bessi schued dat d'Kroun vum Baam e bessi mat dem Besch am Hannergronnd verschmelzt.. mee et war bestemmt entweder sou oder net dei herrlech Vue den Hiwwel eroof ze hun ... an dei weilt ech hei aawer och net messe wellen...
Hues scho Recht. Ech hätt och léiwer entweder de Baam ganz virun dem Canyon oder besser d'Kroun ganz firum Himmel gehaat. Mee dann hätt ech missen op eng geféierlech Plaaz no beim Ofgrond fir nach mam 10mm schaffen ze kënnen.
Just fir schwaach Härzer ze calméieren (sorry, ech wosst nët wéi ech "berouegen" schreiwe sollt ...): Och wann et esou ausgesäit, deen krabbelt nët ronderem mee ass schon do festgwues
Dat do as ménges. Ech muss awer eng Kéier iwwert mäi Schiëd sprangen an an een transatlantesche Fliijer klammen (a matfléien). Genial Foto, déi kéint och am GEO oder an der National Geographic sin. Bravo
deen Baam war schon eng Kéier hei ...
ech fannen en awer nët erëm ... kann een mir do hëllefen? ... oder haas du en deemols och eropgelueden, Charly?
ët ass villäicht 1 oder 1an1/2 Mount hier ...
Kann mer denken why deen Baam berühmt ass...ass et well en op den zeiwen spetzten den Canyon roofleeft?oder spannen ech lo komplett?!?!
Wann ech sou Fotoen kucken, och dei vum CK, denken ech mer: ech muss an westamerika!!!!
jo jo, do geet et gehirloos direkt biergoof, dat heescht du bas awer och hannert d'oofsperrung geklomm fir di foto do ze man a wann ech de canyon sou kucken muss du awer zu engem speiden zaitpunkt do geweescht sin, ech war zu metteg do am mee, do sin d'faarwen feierroud bis goldeg, mengen ech setzen dee beemchen och nach drop, awer als porträt.
dee muss een einfach gesin hun ¨
deng foto gefàllt mer, wi se bis lo all, du haas mega chance mam wieder do, d'woulécken passen deck gudd hei.
Daat do wor am fréien Virmëtteg. Kucken nach d'Zäit genau no. D'Wieder wor gudd, mee wiésselhaft. Nuets déck gefruer. Kuerz no deser Photo wor ech ënnen am Canyon an engem Donnerwieder mat Schnéi ... Do kënnt nach eng super Photo no.
P.S.: Liefts Du an enger aaner Zäitzoon oder gees Du nie schloofen?