Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Flecki

 
Flecki
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.01.2007
  • Gekuckt:
    22829
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    300x400
  • Späicherplaz:
    25 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=13554]
Kommentar vum Fotograf:
Daat ass den Flecki.
Jigsaw 09.01.2007 - 15:50
Schued dat esou Fotoën awer nach emmer fräigeschalt gin.

Näicht geint dech, Marie, verschtéi mech net falsch. Ech fannen, d'Foto ass éischtens an engem ze klengen Format eropgelueden, an zweetens keen aussergeweinlechen Portrait vun dengem Déier. Ech maachen mer elo net d'Méih eng détailléiert Analyse ze maachen wat mer net alles gefällt, mee den Cadrage selwer an den Hannergrond, deen nach ze erkennen ass, gefaalen mer einfach net. Ech kann mer net firstellen dass de iwwerluercht hues firwaats de wat wei wou fotograféiert hues.

Kanns jo mol nachengkeier probéieren... sierf ob jidden Fall elo net oofgeschreckt vun dengem éischten Comment, dat soll dech nemmen ermuddegen et d'nächsten Kéier besser ze maachen.

Probéier zB mool den Flecki ganz ze fotograféieren, also net oofzeschneiden, net frontal ze blëtzen, oder ob deng Liichtverhältnisser opzepassen, an dann -falls d'Méiglechkeet beschteet- deng Foto an den Faarwen an am Kontrast ze verschaffen.
OK-Photography 09.01.2007 - 16:21
wollt schon fron op keen eps dazou geiff son...mee jigsaw hot dei saach superdiplomatesch geleist thx ;oP

ech wenschen der natilisch o fill spaas hai...kuk einfa bessi mei komplex an firun allem mei intressant fotoen wei 'dest as den flecki' ze man an dan kukn ma nach enka ;o)
tinchen 09.01.2007 - 19:16
ma ech fannen fier seng 1. foto as se schon guddsmile
ech wua dobäi wou hat se agescheckt huet an ech hun ma geduert:
'Also meng eischt foto as net ugehol gin, an och net meng zweet, an och net meng drett(bei der 4. sin ech ma net secher=P)...'
an elo sin ech deck jalous=P
Jigsaw 09.01.2007 - 19:27
Wat fënns de dann zB gudd?
tinchen 09.01.2007 - 19:37
ech fannen dass se net ze onscharf as
en aneren hannergrond wär definitif besser
mee et gin io awer och méi schlecht fotoen
also ech fannen et net schued dass esou fotoen nach fräigeschallt gin
ech mengen awer dass d'Marie esou vill éiergäiz huet d'foto nach 1 kéier ze maachen
an eis wensch waat hannergrond etc. betreft ze erfellen
sutewi 09.01.2007 - 20:41
ech gin dem jidsaw och un sech recht, mee wei ech gesin ass daat dem marie seng eischt foto dei ett ropgelueden huet an ech mengen nett jiderengem seng eischt foto war gutt nee? hatt muss nach leieren ze erkennen weieng geeegend sin fier hei ropzelueden an natierlesch och muss ett erkennen op waat een alles opassen muss wann een fotoen mescht... ausser natierlesch ett well nemmen "knipsen" bigsmile
tinchen 09.01.2007 - 20:52
genau! daat as daat waat ech mengen
du hels ma d'wieder aus dem mondsmile
hmm...opet nemmen knipsen an net fotograféieren well kann ech natierlech net soen=P
Johny 09.01.2007 - 21:16
Ob eischt oder läscht ass egal.

Häusdéirefotoen bleiwen an 95% vun de Fäll langweilech an oninteressant, an sinn just fir an Familienalben ze setzen. Deed mer leed mee dës Foto huet guer näicht, an dass eng Foto schaarf ass, ass net e Pluspunkt, mee eppes waat sollt de Fall sinn, eng Selbstverständlechkeet.

Dengem Kommentar no, geet et der bei der Foto och just em d'Motiv selwer, an genee daat därf hei net de Fall sinn. Et geet hei em d'Foto, wéi se gemaach ass, d'Leeschtung vum Fotograf eben déi en bruecht huet.

Huel daat elo net ze perséinlech, et nach kee Meeschter vum Himmel gefall, mee Fotografie ass learning by doing, also muss een probéiren an probéiren, fir ze léieren. Probéier weider (an sich der wa méiglech aaner Motiver eräus, well reischt gutt Fotografen kënnen Häusdéieren interessant fotograféieren), an dann ginn d'Resultater matt der Zäit ganz secher och besser.

iwwregens: Nemmen de wëllen besser Fotoen ze maan geet net duer fir dass eng Foto aktivéiert gëtt. An äusserdem kann JIDFEREEN nach bäiléieren, also och d'Argument mam léieren ass keent fir eng Foto éischter fräizeschalten. Et steet och net fir näicht enzwech bei der Registratioun dass ee scho sollt eng gewessen Erfahrung beim fotograféieren hun, éiert een eppes roplued.
bobinski 10.01.2007 - 15:28
Fiirwaat as des Foto dann elo aktiveiert gin? Ech fannen se iwwregens och net immens, mee ech mengen een neien User soll een lo net total zur sau man, a sen total dem Jigsaw senger Meenung.
Johny 10.01.2007 - 19:32
irrtum wéi et schéngt, ganz einfach, nobody's perfect. Et ass och elo irrelevant wen et war, mee normalerweis wär se net geholl ginn.

Hei gëtt keen zur Säu gemaach, mee wen keng Kritiken verdréit oder Meenungen akzeptéiert, ass leider falsch op der Plaz...
bobinski 10.01.2007 - 19:59
Ech hun daat jo net behaapt, ech soot just et wier hei keng plaatz dofir do, an dofir geing ech dem Jigsaw sein "diplomateschen" gudden kommentar och gudd fannen...
Merci, huet mech mol intresseiert...
Marie14 10.01.2007 - 14:59
Also ech fannen dei Foto ganz schein, an wann se grouss ass, ass se nach mei schein, et keint een se zouguer, also Pouster, maan, an se wär nach emmer ganz scharf. Mee dei nächst, ginn nach besser. An do ass et mär egal, waat dei aaner soen, ech fotografeieren gär Deieren, an ech hun da och vill, dei ech kann fotografeier. An daat blaiwt och esou.
Johny 10.01.2007 - 19:30
Wanns de selwer des Foto ganz schéi fenns, an dir egal ass waat aaner Leit soen, dann lued deng Fotoen net erop, well et lued ee seng Fotoen erop fir dass d'Foto kritiséiert gëtt, vun AANEREN. sorry mee denger Beschreiwung no hues de den Sënn vun Photogen net verstaan...
Marie14 10.01.2007 - 19:45
Nee, mee sou haat ech et net gemengt. Mee wann jiddereen alles falsch vasteet, ass et mier egal.
Johny 10.01.2007 - 19:49
An rem daat Wuert "egal" ... wann eis hei alles egal wir, wiren mer guer net um Site aktiv.
Marie14 10.01.2007 - 19:58
An ech wollt och net, dass een daat falsh vasteet.
Marie14 10.01.2007 - 20:00
also mier as et net egal an ech wollt net dass een daat falsch versteht, ech fannen d'foto eben gudd
Johny 10.01.2007 - 20:04
Jo OK, mee gleew mer dass sech eppes muss änneren, wanns de dëss Foto wirklech scho sou gutt fenns ... well dann schéngt et jo weiwanns de der Meenung bass dass de net vill besser kanns dru maachen, waat awer net de Fall ass...
Marie14 10.01.2007 - 20:06
Ech fannen se einfach gudd, well ech hun se grouss, hai um Computer, an do gesait een all eenzel Hoer, vun menger Kaningschen. An, well sie sou leiw dran kukt.
Johny 10.01.2007 - 20:12
Du kucks daat ganzt falsch, et ass wéi ech soot. Du fënns se gutt well een d'Hoer gesäit all eenzel (Detailer sollten schonn ganz normal si bei sou Fotoen), an well se sou léif kuckt ... Béides si keng Saachen déi eng Foto gutt maachen. Saachen déi eng Foto gutt maachen sinn z.B. e gudde Bildopbäu, eng interessant Luucht, eng äussergewéinlech Perspektiv, perfekt Symmetrie, asw .. mee sou eppes feelt deser Foto eben. Wanns de wirklech eppes wëlls bäiléieren (woufier jo PG am fong och geduet ass enner aanerem), dann probéier denge Fotoen eppes vun dene Saachen ze ginn, an waat méi dofun, waat besser.
Marie14 10.01.2007 - 20:21
Io, dei nächst, ginn io dann besser. Mee dei ass nun mol, esou.
tinchen 10.01.2007 - 20:24
ech well mech net anmechen
mee do muss ech zoustemmen
ech mengen wann d'marie elo emmer erem aentwert huet déi diskusioun nie en enn
an ech soht och schon zum marie hat soll léiwer net ze frech gin
et muss een eben vill léieren waat fotografie ubelaangt
am ufank hun ech meng fotoen och alleguer gudd fond an elo fannen ech se schlechtsmile
sou wäit as d'marie no der diskusioun ze uerteelen nach net
Annick 04.04.2007 - 16:33
Hmm... hei fannen ech den Hannergrond net gutt an Bild ass ze kleng...
Marie14 22.12.2007 - 18:02
Ok.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 609 Gäscht online