Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Champs Elisées

 
Champs Elisées
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.01.2007
  • Gekuckt:
    28062
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    780x532
  • Späicherplaz:
    131 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets  
Extras:
Och näicht ...

Fir anzesetzen: [pg_img=13521]
Kommentar vum Fotograf:
Heibäi stung ech beim Arc de triomphe
Neckel 08.01.2007 - 16:42
Dat geseit mega mat dem Riesenrad aus ... an duecht d'Luuchten vun den Autoen an dei un den Beem, gett den Bleck lues op den Mettelpunkt geleed, wirklech ganz flott !
Johny 08.01.2007 - 17:06
Merci smile
spako 08.01.2007 - 17:01
wier bestemmt interessant gewierscht hei eng laangzeitbeliichtung dervun ze gesin.. hues du daer keng?
Johny 08.01.2007 - 17:07
Naja ech mengen dann wir d'Bild ze iwwerfëllt matt Luuchten asw. Nee hu keng sou, haat d'Stativ just een eenzegen Owend matt.
Pinocchio 08.01.2007 - 17:30
Effectivement, une version 'longue expo' aurait transformé les nombreux petits points des phares de voitures en traînées de couleur. Or cette accumulation de petites lumières rend justement cette photo si belle. Un peu magique.
Pour ma part, j'aurais sans doute fait 'disparaître' les lampes des réverbères et cadré un peu plus serré en haut (et peut-être en bas).
Vince_M 08.01.2007 - 17:37
GOOD WORK JOHNY....

VINCE
Johny 09.01.2007 - 20:19
Thank you again Vince
cookograph 08.01.2007 - 18:30
Wi kuul! Schueberfouer zu Paräis!!! bigsmile Geseit gudd aus...
Johny 09.01.2007 - 20:19
Merci smile
Nicon07 08.01.2007 - 19:21
Gudd gesin, a propper festgehaalen. E flotten Opbau an ee schéint Spill mat Liicht a Schiëd, mat Formen a Fluchten. Gudd gefällt mir, datt s du d'Chance has, ee Golf mat de ronne Luuchten hei viir ze hun, dat as su den Einstiegsrondel fir an d'Foto an dann di Liichterketten hannendrun féiert de Bléck op den Zentrum, d'Riiserad, an dann iwwert di rout Luuchten neess aus dem Bild eraus. Einfach, mais efficace. Et stéiert och kengesfallss, datt hei de Sujet an allen Hisiichten zentral as, am Konträr, déi relativ eintönech Fläch vum Himmel uëwe fänkt dat "Gewulls" vun den Autoën op a kompenséiert et. E mi Panoramaformat mat manner uewen hätt net su gudd gemaach, géif ech mol soën. Dat eenzecht, wat mer opfällt as, datts du di riets éischt Stroosseluucht bessen ugeschnidden hues. Awer dat as nun awer wiirklch Ierbessenzielerei. Par contre fannen ech et gudd, datts du eng kuurz Zäit gewiëlt hues. Dese Sujet verdréit keng Liichtspuren. Et as ganz gudd esou, wi et as.
Johny 08.01.2007 - 20:19
Merci fir den alt rem äusféierleche Kommentar smile gutt Beschreiwung, an daat matt der Luut, do léisst sech nach driwer streiden ob net awer 1px do ass wou een schwaarz gesäit, also wir se net oofgeschnidden closed_eye
Rabicop 08.01.2007 - 19:28
eng schein nuetsopnahm an dat nennen ech mol beruffsverkeier smile
Charly 08.01.2007 - 19:31
Genial!
Keup 22.07.2007 - 23:33
TOP deng foto hoffen du bass net ungestouss gin. closed_eye
Johny 22.07.2007 - 23:37
Et gesäit een et zwar net, mee ech stung an der Mëtt um Zebra, do ass eng Insel vun 80cm breet ongeféier smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 449 Gäscht online