As ADG, mee, d'bloo gefällt mir net... passt net ant gesamtbild...
Positioun vun den kneien ass gudd.. gefällt mer gudd, mee, Tessy guckt zimmlech verkrampft aus, och d'pose vum kapp mecht en dueblen kenn daat net schein mecht
ADG? gefällt der DEI blo net oder allgemeng eng blo faarw an deem bild?
Zu der Pose an Verkrampfung... hues recht, mee war no iwwer 3 stonnen Shooting eng vun den lechten Fotoen dei mer gema hun. merci
Ech mengen et as alles gesoot, dass hat bessen verkrampft dran kukt, mais ech fannen soss d'Foto immens schein. An daat bloot mecht fir mech perseinlech do ganz vill aus. Ech wees net, mais et arennert mech un eppes. Durfir fannen ech dass daat bloot Duch do immens ranpasst. Bon doriwwer leist sech zwar streiden, mais jo hehe
fannen d idie eigentlesch wirklesch cool d ausfeirung och mee den bleck ass wirklesch bessen gewoehnungsbeduerftesch hmm woubei no 3 stonnen shooting...
mir gefaellt daat blo allerdengs gudd gett der foto sou een touch hmm een bloen touch? also iergendwei brent ett ofwesslung fannen ett cool,hmm woubei d wasser giff ech perseinlesch allt rem op der seit lossen hmm awer ganz flott an wirklesch propper ausfeihrung...
merci, jo d'waasser do hues de recht, mee jo... dei idee vir dei heiten foto na seier ze maan ass mer währenddeems ech dei fotoen mam waasser gema hun komm, an well et jo schon su speit war an mer scho midd waren, dun hun ech daat dann eimfa vergiess hun mech och selwer mam fouss gerannt wou ech se gekuckt hun, mee hun dwaaser och rem gebraucht vir dei fotoen dono, dovir hallef su schlemm
also fier mech ass foto perfekt. dat mam duch gefält ma ganz gudd bis op deen verkrampften gesichtsaudrock:s mist wieleicht ebesen mei relax kucken. mee dier ward jo och schons 3 stonnen am gaang
Mir perséinleh ass d'photo en bessen ze eng an ze standart-méisseg cadréirt. Esou en aussergewéinlecht motiv jaizt dach no engem en bessen méi gewooten cadrage ... mech stéirt d'gesiicht net mol esou ... awer d'verkrampfung kennt virun allem am fouss total zur geltung.
ech sin perséinlech keen frenn vun blotéin an esou fotoen ...gesait esou eiskaal aus...totenstarre méisseg. mais daat ass subjektiv an du sichs no objectiven kommentarer. Wei gesot woo vielleicht en besssen méi beim cadrage. Wat mengs ...wéi giff et wierken wanns du photo giffs huelen wanns du op senger heischt wiers ...sprech du giffs dech och hinleen...
Merci, majo also ech hun der och vun mei deif gema, fannen dei awer net su flott.
Wei een se lo soss sollt kadreieren wees ech net, mee wanns de na eng bestemmten idee hues so mer et, flait gefällt et mer jo an ech probeiren daat dann beim nächsten model
Fannen Fuerwofstëmmung an d'Kontraster am Bild gudd.
Mee d'Kompositioun als Ganzt wierkt op mëch ze statesch, emotiounslos, de Modell ze teilnahmlos. Waat mer och opfällt ass datt de Modell esou an engem schwarze Raum henkt ouni repère, weder steet nach lait an duerch déi statësch attitude och nët d'Impressioun vun engem Schwiewen am Raum vermëttelt.
daat doten ass interessant. war mer guer net opgefall dass den hannergrond keint falsch verstanen gin. keint een usech baal mengen d'model an duch wieren ausgeschnidden an op eng schwarz fläsch gepecht... ass awer net den fall. merci vir deen schein formuleierten kommentar