Jop, Nikon gett et net un, mee subaal et en 2.8zoom ass kanns de der zimmlech secher sin, haat bis lo na nie e problem mat Reen oder Sand, a si lo keen wu immens rücksicht helt op d'Material wann ech gär eng foto onbedingt hätt...
Waat daat mam -schloenreen- ugeet, dat wuar net ganz schlau, suguer wann en oofgedicht ass, waats de zimmlechh secher kriss sin kalléckréckstänn teschent déng rillen vum zoomrank, di net ainfach nees wäschzekréie sin an net ganz gudd äugesinn!
A Waaserdicht sin se souwisou net! Kuck mol Rally Dakar, déi dichten hier 1Dmk2N'en net zousätulech mat gaffertape oof just well daat méi schéin äusgesäit
Am noutfall ok, do ass ee frou wann soueppes méiglech ass, mee op laang Weil, wann een schon am firäus wees daat et wärt reenen, dann ass et schon méi schlau wéi den Val eng Plastiks-tuut ze benotzen, oder eben dest: http://www.ewa-marine.com/
Bon ech géif och vermeiden an de schloe Reen mech ze stellen ouni d'Material ze schützen (warscheinlech och well meng 30D NET dicht ass ), mee wéis de schonn hallef soos, wann een net dermat rechent dass et reent, dann gëtt et mol nëtzlech.
Wa se waasserdicht wiren, kéint ee jo tauchen goen domat, daat wär dach mol eppes Nee mee en Objektiv z.B. KANN jo einfach net 100% dicht sinn, scho guer keng Zooms, well do muss d'Loft jo iergendwou eräus an eran durch den Ënnerdrock respektiv Iwwerdrock den während dem Zoomen entsteet. Bon hm stëmmt dir muss ech daat bestemmt net soen