Ganz gudd. Ausser ménger perséinlecher Virléift fir SW bei sou Fotoen hun ech näischt auszesetzen. D'Reflektiounen klappen dës Kéier ganz gudd. Gudd gesin, mam Resultat am Kapp geknipst an gudd verschafft - ech gesin keng "Néit".
also ech wensche jidferengem hei um site datt en emol do war, bei menger nexter U.S. rees, gett des plaatz mat ageplangt, natirlech 1 joer firdrun.
genau sou hun ech nämlech d'virstellung vun der Wave, mat besse waasser am fong
Denken daat och - et get esouvill flott Plaatzen (net just an den USA) wou een eigentlëch hin muss.
Fir den Permit fir d'Wave gin 4 Méint firdrun duer, well dann gin nämlech déi 10 Permits online vergin. Firdrun geht net, an duerno muss de hoffen dass de sur-place den Daag firdrun een vun den aneren 10 Permits kris. Wanns de en Permit online wëlls *muss* de den 1. vum Mount (4 Méint firun denger Rees) owes firum Computer setzen, well "Permits for Coyote Buttes North often sell out in less than 10 minutes."
Méi Info hei: https://www.blm.gov/az/asfo/paria/coyote_buttes/permits.htm
Ech haat bëssen gewaard fir dass de Schied soll verschwannen, mee ierjendwann war esouwuel de Schied wéi och déi gudd Luucht fort (well heeschen, bescht Zeit an der Wave ass spéiden Mueren).
Staark Foto an ech hoffe fir mäin Deel dass se als Topfoto geholl gëtt. Et feelt nemmen nach ee Vote fir genee ze sinn, wen wees ech net, an wann ech et wéisst geif ech et natirlech net soen