Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

//KABOOOM tha Splash//

 
//KABOOOM tha Splash//
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.12.2006
  • Gekuckt:
    45818
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    2500
  • Blend:
    f/6.7
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x573
  • Späicherplaz:
    205 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
2. Kategorie: Bewegung »» Misc
Extras:
- Sb800
- Wasser
- Hightech 3000 maschine fir bluben an Splashen....;)
-Spass
- Flecken um Teppech..
Drop Klicken



Fir anzesetzen: [pg_img=12454]
Kommentar vum Fotograf:
An hei as dann nach eng aus deem Shooting ;)

Drop Klicken!!
Masterpii 04.12.2006 - 01:06
Also kann nemmen daat widerhuelen wei firdrun! Gefällt ma och gudd, mee dei aaner fannen ech trotzdem nach besser!
Kwitchibo 04.12.2006 - 01:07
merci !! as net duer gangen fir an Gallerie mee bon dofir hun ech se jo net gemach merci fir dein Virschlach!! thx DUDE!!
freet mech wanns du se guud fens!! smile
Masterpii 04.12.2006 - 02:11
Also mir as grad opgefall, dass an denen 2 Fotoen een klengen Feeler as! (Fläit och firwat se net ugeholl gin as) An zwar den orange/gielen Fleck... Keins de ma verroden waat daat as?
Kwitchibo 04.12.2006 - 02:14
as awer 100% gewollt !drop as mein NikonObjektiv falls de een hues oder een kens wou esoueppes huet kuck do eran da geseis de dei fuarwen ....bessi drop gebletzt!!
Masterpii 04.12.2006 - 02:25
Nee hun ech net! Ech hun just meng kleng Acer Cam...
Kwitchibo 04.12.2006 - 02:31
esou een grengen schimmer geseis de do dran ...voilaclosed_eye
yoshi 04.12.2006 - 02:10
aus deem shooting closed_eye fannen se cool, schein beliicht hues de daat smile just dei ganz onscharf giel flecken lenks? waat ass daat? eventuell liicht mei heich cadreiert? oder flait suguer ganz enk panoramaencadreiert: breed bleiwt awa an der heicht just vun bessi ennert der bloos bis bessi iwert dei riets deck boule.
just sou spontan ideen, fannen se wierklech cool smile
Kwitchibo 04.12.2006 - 02:12
daat as een Flair deen as awer gewollt as mein Nikon Objektiv!!...eran gebletzt... an merci fir deng Ideen wärt daat maybe probeiren!!smile
Kwitchibo 04.12.2006 - 02:16
Muer weisen ech vielleicht eng ouni Flair....mol kucken....

Nuecht ...
Masterpii 04.12.2006 - 03:12
Sin schon dei ganzen Zeit am grübelen ob ech se als Topfoto soll firschloen! Waat ech se mei laang kucken waat se ma beser gefällt!!!! closed_eye
Kwitchibo 04.12.2006 - 12:00
is your Choice!!
Kwitchibo 04.12.2006 - 12:00
ech lueden awer mengen ech nach 1 erop !! tonight..
Masterpii 04.12.2006 - 13:21
Ok, dann luet nach eng rop. Fläit get dei jo nach besser! (Keins de dei dann mol ouni den Orangen Flom ropluden! smile )
Kwitchibo 04.12.2006 - 13:23
en as awer gewollt fannen deen guud !!mee dei next wärt ouni sin dei as och schon Online awer nach net hei closed_eye
MarcGerard 04.12.2006 - 10:57

déi heie gefällt mer besser. wann do net nach esou luucht an déng optik gerode wier, da wieer se suguer tiptop bigsmile
Kwitchibo 04.12.2006 - 11:59
100% gewollt as dei awer mee merci fir deng Bustaawen!!closed_eye
MarcGerard 04.12.2006 - 19:47
dee moment as se gudd smile fëllt deen eck e bissi! closed_eye
kanufla 04.12.2006 - 15:46
also wei gesoot...dei orange kennt nët gud..och wann se gewollt as...passt einfa nët...so as deng Foto mega an wir och top mee di luucht steiert wierklech wees onet wisous du ombedingt di orange do drop wells hun...kann jo och liesen dass se mat enger Nicon gemeet as dofir brauch ech di luucht net smile...(jojo ech kann och liesen...)wei och bei der aanerer :Fuarw cool, net standart, scharf an des Keier riicht tiptop! jo fir mech top ouni di luucht...
JADE 04.12.2006 - 17:28
alsoooooo ... ech fannen dëss Blub-Foto gaaaanz gaaaanz flott:

1° well hei vill verschidden Elementer dran sin, déi eenzel schon emol guer nët esou einfach sin hinzekréien ... an dann all zesummen ... nach vill méi schwéier!!!
also vun lénks no riets
... - déi Bubble-Bloosen um Waasser lénks ... wierklech süss closed_eye
... - deen Splash-Kraater ... einfach top
... - an dem Kraater seng Spiggelung ... Waow
... - déi Reih Blubben iwert dem Kraater ... wéi déi an eneen verschmëlzen ...
... - déi Reih Blubben driwwer ... quasi-militär-riicht an mat rosaem Touch ... tiptop
... - déi kristallkloer Drëtongueps déi beim "kraateren" "erwëscht" gin ass ... woololo
... - déi nächst kristallkloer Drëtongueps, déi sech bei hierem "Kappsprong" an den "Milkshake" an "Schweesdrëtonguepsen" baal opléist ... brëngt Dynamik an d'gesamt Bild
1° well 2 Dichten (?) hei ze fannen sin ... dréift rosat Waasser an der Schossel an kristallkloer Waasserdrëtonguepsen ... flott kontrasträich
1° well d'Schärft ... ganz schaarf
1° well den Choix vun deem mëllegeschen rosaen Faarwtoun (also nët déi klassesch blo oder gring Waasserfaarw) ... innovatif
1° welldeen donklen Hannergrond ... och erëm kontrasträich
1° well daat verschmëlzen vun der Schossel mam Hannergrond ... ass doucen .....Iwergang op den HG
1° well deng Aarbecht an Gedold ... luewenswert ... (alt gutt, dass een nuets nët schloofen kann ... closed_eye) ...)

Conclusioun ??
... mat lauter 1° ... heescht daat fir mech, noutgedrongen, dass daat Gesamt-Wierk wierklech IMMENS GUTT gin ass ...
(bis op deen Flair ... mee ass jo gewollt an sëcherlech och "adg" ...)

an dofir vun mir dann och een: ... "Genau esou ... an nach méi esou!"

P.S.: wann déi lénks Bubbles um Waasser och nach scharf gewiescht wieren, an eng Spiggelung hätten ... dann ... dann ... dann mein lieber Kwitchibo ... waers se NACH vill méi ultratop an mengen Aan ...
Kwitchibo 04.12.2006 - 21:00
smile ohh merci fir deen flotten Kommentar
genau esou... an nach méi esou!!
Stepback 05.12.2006 - 00:03
jo also hei deddes do sin ech platt, hun dei hei emol net direckt gesin, dei heiten as jo einfach den HAMMER.
Jo deen orange flair misst net sin mech perseinlech steiert daat. (gett et dei och ouni?) xD
bon trotzallem muss ech soen daat do as einfach eng boser geil photo.
Jefferson 05.12.2006 - 11:15
Also e ch fannen d'Foto wirklech schein zumols dei kloer Wasserdrepsen do
och beliichtung fannen ech gudd wells de an der wasserkroun 2 hell platzen an 2 mei donkel platzen hues
fannen awer och dass an deem bild hei dei orange faarw e bessen steiert
trotzdem ass et eng excellent foto
patty 08.12.2006 - 18:33
do hues de dech awer gudd amüseiert gehat closed_eye ech well daat och kennen hehe des foto gefällt mier am bäschten vun deenen 4
paranormal 30.08.2007 - 13:43
also schon alleng di fuarw sprecht mech perseinlech un (kann io jiddereen vun pink haalen wat en well) mee di foto as wirklech sou sou sou sou rau. wi d jade do ennen alles opzielt, wirklech genial genial gemach...an dann nach rosa bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 469 Gäscht online