Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rolleiflex

 
Rolleiflex
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.12.2006
  • Gekuckt:
    31059
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/5
  • Blend:
    f/4.2
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    535x800
  • Späicherplaz:
    211 KB
  • Originaldatum:
    02.12.2006
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=12402]
Kommentar vum Fotograf:
E schéine Apparat. Ech mengen zudem brauch ech soss keen Kommentar ze gin. Decken Merci un mein Papp, deen mir e geléint huet.

Ech hun mech fir S/W entscheed, well ech fannen, datt daat besser zu engem méi aalen Apparat passt.

Leica M3
Val 02.12.2006 - 16:14
einfach eng gutt Fotto (Dât waren nach zeiten )
ChLo 02.12.2006 - 16:31
Merci.
Jefferson 02.12.2006 - 16:33
geile apparat gefellt mer
an eng exellent foto
Jefferson 02.12.2006 - 16:36
geile apparat gefellt mer
an eng exellent foto
ChLo 02.12.2006 - 17:08
Ech gin der Recht, as wirklëch e schéint Stéck.
kanufla 02.12.2006 - 16:57
coolen Aparillo smile!! nee mee deng Photo as wierklech sau flott!!S/W as definitif den richtegen Plang gewiercht smile!!tiptop hun nix ze meckeren!!
ChLo 02.12.2006 - 17:05
Merci
ChLo 02.12.2006 - 17:05
Merci.
xxadnanxx 02.12.2006 - 18:16
Fotoapparat faszineiert mech, all di knätonguepecher, mmmmhhh daat waren zeiten wou nach den knätonguepchen "auto" net oft ze gesin war.

klengen zousaatz:

http://cgi.ebay.de/Rolleiflex-2-8-FX_W0QQitemZ290056004211QQihZ019QQcategoryZ3353QQrdZ1QQcmdZViewItem

Domadder schwetzen ech den verkaafswert un...
mmphotos 02.12.2006 - 18:43
Dei dis du do fonnt hues as eng ganz aaner eng vill mei nei. Den verkaafswert vun deser waert bei 200 bis 300 euro leien...

http://cgi.ebay.de/Rolleiflex-2-8-mit-Rolleinar-1_W0QQitemZ300053818744QQihZ020QQcategoryZ3353QQrdZ1QQcmdZViewItem

Hun dei do heiheem am schaf ston, as mengen ech nach een bessen mei aalen modele. Mee soueps verkeeft een net...egal weivill een krittclosed_eye
Knolles 03.12.2006 - 08:27
/removed/
ChLo 03.12.2006 - 10:35
Ech mengen do hues du keng Chance, ech gleef net dat mein Papp se giff verkaafen.
Knolles 03.12.2006 - 12:48
/removed/
ChLo 02.12.2006 - 18:47
Wow, deen as lo schon méi deier wéi meng D200 an d'Stee leeft nach 13 Stonnen.
Rabicop 02.12.2006 - 20:04
op's de mat där doten deng NIKON sou schein kritt häss an op d'foto dann och sou gudd gi wier, brauch op deser plaatz net beäntwert ze gin. e scheine "tongueorträt" an e wierklech gudd erhaalene modell. deen huet och scho gär seng 50 joer um bockel wann ech richteg leien em di 1949-50 nee?
Nicon07 02.12.2006 - 20:57
Firwat dann net? Kenns du net de Schärftepotential vum Mëttelformatnegativ? An déi Lënsen an deenen Objektiver sin och net aus "Fensterglas". Ech géif am ChLo sénger Plaaz d'Erausfuerderung unhuëlen, an d'Nikon mat der Rolleiflex fotograféieren a scannen. Villäicht erliëwe mer jo ee blot Wonner...
Knolles 03.12.2006 - 08:29
/removed/
Knolles 03.12.2006 - 08:32
/removed/
ChLo 03.12.2006 - 10:32
Daat klengt interessant. Ech muss mol mat mengem Papp schwätzen fir se auszeprobéieren. Ech sin dann gespaant waat dobei eraus kënnt...
Knolles 03.12.2006 - 12:48
/removed/
kanufla 03.12.2006 - 16:47
bon also mir hun et elo all verstaan...d.h. den KNOLLES huet MUA B-DAY an hien well ditoten ROLLEIFLEX vun PG als KADO...hmmm...also genuch memberen wiren jo mol do fir den Prais ze deelen...smile
ChLo 03.12.2006 - 19:43
Ech hun nach en 120 Rollfilm bei mengem Papp am Frigo fonnt. En as zwar 86 oofgelaf.
Mee daat as net schlëmm, lo wärd ech dann demnächst och probéieren fir D200 mat der Rolleiflex ze knippsen. bigsmile
flohzirkus 16.10.2010 - 05:45
ech hun sou ähnlech,vläit kennt een sech do aus
ass eng chinesesch avun engem Shanghaier Floumaart. seagull oder sou.lount dat sech do enger een film reorganiséieren si funktionéiert nach an alles.kann een domat nach eppes ënnerhuelen oder ass déi nemen nach gutt vir an Regal zestellen?
ChLo 16.10.2010 - 10:49
Merci.

Sorry. Ech kann dir do net weider hëllefen. Dës hei ass mengem Papp seng. Ech wollt ëmmer schon bëssi mat hier erëm experimentéiere, mä ech sinn leider nach net dozou komm.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 641 Gäscht online