Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

foggy Valley

 
foggy Valley
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.11.2006
  • Gekuckt:
    34114
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x536
  • Späicherplaz:
    44 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=12303]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi üblech; den moien / war dofir ze spéit um Bureau
tscjoki 28.11.2006 - 16:37
Ech wees net ween déi Patron ass,mee daat do ass definitif eng valable Entschëllegung,ausser dee gudde Mann hätt kee Sënn fir Konscht !
Definitif a mengen Aen eng super schéi stömmungsvoll Photo,schéi Faarwen,flotte Bildopbau !
Respekt !
Johny 28.11.2006 - 16:45
Wanns de wéisst wee säi Patron wir, géifs de daat net soen bigsmile

Recht huet den tscjoki awer .. immens Stëmmung huet daat Bild.
tscjoki 28.11.2006 - 17:50
A bon ? smile
Egal, fir daat Bild ging ech och gär e puer Minuten ze spéit kommen smile
Focus 28.11.2006 - 18:47
hmmm.... closed_eye
Johny 28.11.2006 - 21:35
closed_eye

Fannen daat och gutt wann ee matt sengem Chef eens gëtt closed_eye
elmuzo 28.11.2006 - 17:58
LOL ... Et ass alt gudd dats de dech gudd mat dengem Chef verstehs. Di Fuarwen do sin einfach de Glanz... an der Géigend vun Beidweiler?
Focus 28.11.2006 - 20:50
Effektief net weit vun Beidweiler ewech. Déi Stros déi bei deenen klängen Beem as; as déi vun Jonglenster op Roudemer.
yoshi 29.11.2006 - 08:22
ah jo... do wollt ech schon sou oft stoen bleiwen an fotoen maan, mee hun jo ni en apparat dobai wann et grad su schein ass smile do hues de heiansdo su en herrlechen rosa-orangetoun duerch den ganzen niwwel... su schein smile
Icecube 28.11.2006 - 18:16
Gefällt mir immens gudd.
Dofir kann en schon ze spéit kommen.
auli79 28.11.2006 - 18:30
Wonnerschéin !!!!!!!!!!!!!
Pinocchio 28.11.2006 - 19:55
Superbe !
kola 28.11.2006 - 21:12
Erëm eng immens flott Niwwellanschaft an denen läschten Deeg mueres.
Ob der hei Foto kënnt déi Stëmmung gudd eriwer !

Dan 28.11.2006 - 22:11
Eng immens stëmmungsvoll Foto, déi mier ganz gutt gefällt!
Vince_M 28.11.2006 - 23:28
ABSOLUT GENIAL FOTO......

BESCHT GREIS.
VINCE
Masterpii 28.11.2006 - 23:49
Flott, flott!! Du muss ma mol verroden firwat dass de et emmer nees färdeg brengs, sou flott Moiesfotoen ze kreien! war lo schon sou oft Xtra moies frei raus, mee ech hun nie Gleck...
JADE 29.11.2006 - 00:35
soo mol ... bestells du déi am Katalog, oder wéi???

oder hues du eng direkt Linn zum Herrgott??
Johny 29.11.2006 - 00:38
Jo daat stëmmt, also de Focus an ech gi ganz gutt eens mateneen closed_eye
Kwitchibo 29.11.2006 - 00:41
merci das ech dech hun mein perseinlechen secraitaire smile
JADE 29.11.2006 - 00:41
muaaaahahaha ... hrhrhr ...

dann mach mech och emol wakereg ... déi richteg Deeg! ...

Vince_M 29.11.2006 - 10:21
DEAR JOHNY,

des foto ass net ugeholl als TOPFOTO.....that is what troubles me a lot with photogen.......GIVE ME A BREAK GUYS.......THIS PIC IS ABSOLUTELY GREAT.......THERE MUST BE SOME JALOUS GUYS IN YOUR GREAT JURY........

VINCE
Focus 02.12.2006 - 19:21
ech wees net wéi een et besser kann soen... closed_eye
ChLo 29.11.2006 - 07:53
Super, gefällt mir. Ech mengen ech muss och mol de Weekend fréi opstoen an knippsen goen.
rom 29.11.2006 - 08:23
Schéin schéin...

waren di Farwen do effektiv sou orange oder hues de do nogehollef?

Wann nët, da muss du mir och mol daat Geschäft do verroden wous du déi Landschaften kaafen gees closed_eye
Focus 29.11.2006 - 11:38
Merci Vince; Nicon07, Jade, Knolles (an déi aaner) déi dës Fotoen vum November virgeschloen hun als Topfoto.

NOVEMBER 2006:

foggy Valley

Expogast III

Happy Birthday Flo

Wat wärt den Daag brengen

Kite Surfing IIIII

Misty Morning


Et as sait der Juryformatioun nach NIE eng vun mir ugeholl gin.
Wou steet är Laat Jongen?

Proposéiert meng Fotoen einfach net méi an deen Jury...

elmuzo 29.11.2006 - 11:53
Ganz genee an op de Punkt, ech schloen schon laang naischt méi viir. Ech wees jo dat di Pics do all Top sin an du wees et och...
Vince_M 29.11.2006 - 12:13
AMEN....LAD....

VINCE
Vince_M 29.11.2006 - 12:15
CARRY ON YOUR GREAT WORK.....YOUR PICS ARE GREAT......

HONEST CONGRATULATIONS AGAIN.

REGARDS.
VINCE
Johny 29.11.2006 - 12:11
Also, well et kee Wärt huet lo jidferengem eenzel rem ze äntweren:

Ech sin net den den oofstëmmt ob se geholl gëtt oder net! Ech sinn och net den jeenechen den ganz alleng déi Jury zesumme gestallt huet. An ech si scho guer net den den all denen aaneren hier Argumenter kann erklären.

Riicht déi Froen un d'Jury allgemeng amplaz u mech. Ech fir mäin Deel hun bei deser Jo gesoot, mee ka mer schonn denken wisou verschiddener net jo sooten ... wann een un enger Foto gesäit dass awer kleng Saachen nach kënne besser sinn, dann hun déi Leit Tendenz eben nee ze stëmmen. Et ass net ganz falsch, mee och net emmer ganz gerecht.

Äusserdem waren d'User selwer, also dir et, déi dee System matt der Jury wollten. Een den ganz bessen sech daat firgestallt huet virdrunn, den huet esou eppes dach scho gesi kommen, dass gemeckert gëtt dass Fotoen net geholl ginn. An mir sinn dofun äusgaang dass dir ierch ders bewosst sidd. Schéngt net de Fall gewiecht ze sinn.

Dann awer och alt rem nach daat üblecht: Waat ass esou schlëmm dodrun? Et mengt ee wirklech et géif um Site em näicht aanescht goen wéi dass seng Foto als Topfoto gewielt gëtt. (Nee ech mengen elo mol net just déi Leit déi d'Fotoen roplueden, mee och suguer d'Leit déi Saachen derzou schreiwen) An jo et ginn do och rem Äusnamen, mee déi huet ee séier opgezielt.


An nach eppes, waat mer sulues kloer gëtt ... Do war jo déi Diskussioun durch de René, well heen der Meenung war ech géif sws alles alleng décidéieren an déi aaner 2 géifen just Jo an Amen soen. Elo fänken ech un en ze verstoen, well sou wéi dir all schreift, kennt et esou eriwwer, an et kann een et doräus baal ent aanescht schlussfolgeren, äus ären Kritiken an Kommentaren. (och wann et net esou ass, an dee gréissten Deel vun ierch misst daat och wëssen)
Hey an wéi wir et mol eppes ze vergläichen? D'Kritiken bei de Fotoen an d'Kritiken déi sou gemaach gi wann eng Foto net geholl gëtt. Ënnerscheed: Kritike bei de Fotoen déi hellefen, well se soen waat net gutt ass a wéi een et ka besser maachen. D'Kritiken un der Jury oder soss eppes wou Leit net averstaan sinn dermat, dofun sinn der 95% destruktiv, well déi allerwéinechst schloen eng aaner Léisung fir.

Daat éiwecht Gemeckers ouni Verbesserungsfirschléi geet mer sulues op de Kéis. Ech soen net dass der am Onrecht sidd, och net dass mir am Recht sinn, oder d'Jury, MEE wann der daat uewendriwwer gelies a verstaan hudd, misst der daat hei elo och kënnen novollzéien.

Amen
Vince_M 29.11.2006 - 12:24
DID NOT MEAN TO BLAME YOU JOHNY, BUT.......ARE YOU NOT THE BOSS..........

BEST REGARDS.
VINCE
Johny 29.11.2006 - 12:36
Jo ech gleewen der dass et net perséinlech gemengt war, mee et ginn nach 2 aanerer, déi genee sou vill "Boss" sinn ewéi ech, just mam Ënnerscheed dass ech am meeschten aktiv sinn an et programméiren.
Focus 29.11.2006 - 15:19
Johny; mein Comment war net un dech geriichtmä un t'Jury. Ech verstin net das mindenstens 50% vun den Leit an der Jury zu allen Fotoen vun mir an och vun villen aaneren Nee stëmt.

Verstinn och net das vun aleen deenen déi nee gevote hun nach nie bei enger Foto en Verbesserungsvirschlaag gemaach huet.

Sin et och net eens das du sees du géifs käng Verbesserungsvirschléi kréien an nemmen Gemekers. Sälwer wärt ech wuel nie eppes kritiséieren ouni Verbesserungargument ze bidden. Et get och Saachen déi sin schlech an et kann een se kaum verbesseren; ma dann haalen ech den Mond.

An dëser Jurysaffaire hun ech der jo awer schons sou munsches gesoot, oder? Ech wees och das net alles direkt realiséierbar as.

Réicht wann een matdeelt das Saachen nerven kann een iwwerhapt drun ze denken ob een eppes well verbesseren.

Also Relax; as alles iwwerhaapt net schlemm; de Rescht leeft jo zimlech gutt.
Johny 29.11.2006 - 15:29
nicki, grad wéiwanns de mer net nach eppes firgeschloo häss firun enger Zäitchen smile (du wees jo waat ech mengen)

Dass keen vun der Jury eppes seet, data kanne ch sou erklären: Wann een eppes seet vun hinnen z.B. an hee bleift den eenzegen, an en huet eppes kritiséiert ... wann d'Foto dann durno net geholl gëtt freet all Mënsch heen wisou daat sou ass, an da gëtt heen souzesoen Verantwortlech gemaach vun de user fir Décisioun vun der Jury. An dass keen daat wëll maan, verstin ech ganz gutt, ech hun jo och d'Flemm dermat.
patty 29.11.2006 - 12:19
Freck! dei ass mega flott an net ugeholl gin????? waat leeft hei schief unhappy
Johny 29.11.2006 - 12:22
Lies w.e.g. all Kommentarer éiers de sou eppes bei eng Foto schreifs...
Focus 29.11.2006 - 15:22
tja...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 532 Gäscht online