Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Heldenhaft

 
Heldenhaft
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.11.2006
  • Gekuckt:
    27422
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    505x800
  • Späicherplaz:
    153 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=12161]
Kommentar vum Fotograf:
Zukünftegen Cover vun engem Buch mam Titel "Heldenhaft - Kronen Raten".

Dest besteet aus mei Fotoen vun verschiddenen Leit an engem Mops.

Dei duergestallten Silhuetten sin Personagen dei am Buch virkommen an an 2 weideren Bicher vun der Trilogie "Heldenhaft" virkommen wärten. Se sin ennerwee vir an den Schied vun "Nirgendwo" ze treppelen. (fantasy)

Den Moment ass nach keng Schreft drop, mee ech weilt gären wessen waat der vum Bild als Cover haalt, Verbesserungsvirschlag?
klex 22.11.2006 - 23:07
Ah, do ass se jo endlech smile gesäit een dat d'méih sech gelount huet!
Ech perséinlech kéint mer firstellen, dat et firu Sonnenenergang och géif gudd äusgesinn, also blo-stech dégradé. Mueresdämmerung eben. Daat do wikt besse mi kitscheg... daat aanert géif eventuell un ''herr der ringe'' erenneren... hmm :/ kanns et jo mol probéiren wanns de mängs et wär derwärt. Wa net maan ech et a weisen der et closed_eye
Opallefall wiirklech Super! Prima Cover smile
yoshi 22.11.2006 - 23:10
wier cool wanns du daat keinst eng keier kuerz weisen, well ech gesi net direkt weis de et wells hun... ech gesin awa an dass et keint besser sin closed_eye merci mol smile
kanufla 22.11.2006 - 23:30
also mir gefällt en smile d'Fuarwen sin schéin an di LAit su schwarz gesait gud aus!
yoshi 23.11.2006 - 13:23
merci smile
Masterpii 22.11.2006 - 23:36
Also mir gefällt et ganz gudd!! Uewen as zwar lo am moment na eidel, mee geng soen, mam Titel, also der ganzer schreft, geseit et herno top aus! Also daat wel ech jo dann mol hoffen!! Hehe :p
yoshi 23.11.2006 - 13:25
hehe, majo ech hoffen och smile mat der schreft daat dauert dann na e bessen, well den titel gett keng existent schreft, mee nei gemolt. (buch kennt iwregens enn Januar eraus closed_eye
Masterpii 23.11.2006 - 14:09
Ok, dann muss de eis den Cover nach eng Keier hei weisen, fir dass mir dir kenen soen obs du deng Aarbescht dann och gudd gemaach hues!!! cool
TheGuitarist 23.11.2006 - 13:05
geseit mega cool aus, gefällt mer ganz gutt !
yoshi 23.11.2006 - 13:25
relax, merci smile
MarcGerard 23.11.2006 - 13:33

fläit kann een uewen nach e puer kitschesch wollecken hinnerklaken an déi herno dann den titel kommen...
yoshi 23.11.2006 - 13:46
simpsons intro meisseg?
MarcGerard 23.11.2006 - 18:21

genee dorun hun ech och geduet. hat et och scho getippt, mee do as 't schreft jo HANNERT de wollécken... bon!
yoshi 23.11.2006 - 19:40
smile ech kucken mol, mee dschreft wert schon sou gemolt sin dass een guer keng wolleken mei brauch
Focus 23.11.2006 - 14:08
Yosh, därfern mer benozen fir ze proposéieren?
yoshi 23.11.2006 - 15:09
du mengs cover roflueden, enneren, weisen? jo.. immer her damit smile
spako 23.11.2006 - 15:03
Gefaellt mir och immens gudd an als Titelbild fannen ech et mei wei gelongen! all Respekt!
yoshi 23.11.2006 - 15:10
merci smile
annemie 23.11.2006 - 15:08
Also ech fannen d'Bild esou schon ganz gudd smile) Mee...de Lex huet mech amfong op eng Iddee bruet...an - sou verréckt se och ass, mir egal - ech soen der se lo mool einfach closed_eye))
Et as jo eng trilogie...closed_eye...an du wels jo den opbau nemlecht haalen gell? Keins jo dann beim I. sou dem Lex seng "Mueresdämmerung" maan, II. "iergendeps tescht mueres a sonnen-energang-horizont" an den III. dann deen hei? closed_eye
well sonnen-energang fuerwen - sou kitscheg se och kënen sin - hun an der Lit. eng cool symbolik... mee "ich will das mit dem ehrgeiz jetzt auch gar nicht übertreiben"..an haalen op closed_eye
d'silhouetten gefaalen mer iwregens super!!
yoshi 23.11.2006 - 15:12
hehe, dann soen ech der mol waat ech welles haat smile
genau emgedreint maan weis du daat lo soos, natierlech wier et logech als eicht sonnenopgang bis sonnenennergang ze maan, mee wann een dbuch kennt, dann ass et emgedreint mei logech: d'personnagen gin nämlech an d'richtung vun enger schiedwelt, an waat se do mei no kommen waat et mei düster gett.
ass genau sou wei ech et wollt maan smile
annemie 23.11.2006 - 15:25
Hehe smile) Also...ausser dass meng Logik net logesch war...war meng Iddee jo dann net souuu geckeg smile *freetsechweienschlumpf* cool also...ech sin gespaant op d'versioun mat schreft smile))) *humba....*
yoshi 23.11.2006 - 16:36
ech eierlech gesoot och closed_eye hoffen dei gett gudd smile
rom 23.11.2006 - 15:52
Fannen déi do déck cool. Sou schemenhaft Gestalten. Saugutt. Do bräicht mol keen Titel hin...

Mee waat as daat dann elo fir e Buch? Bas de och Fantasy-Autor?
yoshi 23.11.2006 - 16:40
ass en fantasy buch, mee ech sin net den autor smile en kolleg vun mir ass den autor, den Laurent Risser (glaich en groussen numm hei am land) :P
also dbuch geet em dei helden do um cover dei absolut guer keng helden sin (Titel: Heldenhaft)
D'geschicht geet su drem, datt en ganzt parlament gekidnappt gett, bis op 2 steck, well dei sin ze speit op d'arbecht komm (dei 2 persounen riets um cover). dei maan sech dann och op den wee vir dei aaner ze fannen an sou.. immens witzeg geschriwen, sin nach amgaang et ze liesen an et mecht mega spass smile an ech sin ganz secher keng leseratte smile

PS: Wann een et bestellen well bei mir: Eimfa eng PM schreiwen, kritt een ab enn Januar, vir 12 euro bei mir oder beim laurent ze kaafen, an vir 15 euro an den librairien.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 606 Gäscht online