Ech hätt eng Suggestioun. Di Foto do as jo bestëmmt am RAW gemaach, da wollt ech déch froën, wat d'Resultat vun de Farwe wier, wann s du de Wäissofgläich géings op Konschtliicht oder Neonliicht astellen, well di typesch gring Luucht durch d'"Neons"-tüben gefällt mir manner an dësem Bild. Probéier mol, an da sees du mir Bescheed, wéi ee Resultat dat bréngt.
merci fir deng suggestioun. hun lo no geguckt an konschliecht sin 2850 k.
ech hun bei deser foto 3800 k gehol. den enerscheed ass,dass neonslucht vun liecht greng op liecht blo wieselt.
well ech awer gebei an engem neutralen toun haalen hun ech mech fir dess variant entscheed.
Dat as an der Rei. Merci fir déng Aentwert. Effektiv hun ech hanneno am Auto, wi ech heem gefuer si, mir nach e puer Gedanken iwwert des Foto gemaach, an ech hu mer gesot, datt dat gringt am Fong éischter nach vum Gras kéint komme, wéi vun de Luuchten. Awer do konnt ech jo schlecht mäi Kommentar nach editéieren. Ech sin och réischt am gaangen, durch de RAW, méch mat WB kënnech ze maachen, an et as zanter +/- 6 Wochen réischt, datt ech de WB um Fotoapparat der Situatioun ugepasst astellen, resp. duerno am Nikon Capture. Dat as schon eng Wëssenschaft fir séch, awer ganz interessant.
flotte Bildopbau, intressant an der Bank, déi Rampen, déi vu Stack zu Stack an d'Luucht gin an déi durech d'Luuchten vill méi dominant gin, wéi dat am Dag de Fall ass