Salut Jade,
Leif dass du och mol nees en komment bei enger vun mengen Fotoen schreifs. Ech hun den Kadrage extra esou enk gewielt fir den Bleck gezielt um Val sein Gesicht ze lenken.
Ok dann fir däin Cadrage ... ... mee dem Val seng Aaan sin hei esou staark am Ausdrock, dass ech mengen, dass een och mat engem méi largen Schnëtt no ënnen, trotzdem op säin Bléck/Gesiicht geleed gëtt ...
Luc ... ech schreiwen , nët nëmmen dir manner bei Fotoen ... mee allgemeng manner bei Portrait'en ... an zwar aus e puer Grënn:
° bei Portrait'en do geet ët jo ganz vill, wann nët esouguer haaptsächlech, ëm d'Beliichtung, gell? ... an nët do drëms op den oder d'Model schéin ass, schéin Kleeder unhuet, "propper" ass, ... bref, mengem goût entsprecht oder nët ... well dann fannen ech och vill ze schreiwen (an daat hun ech och gemach, vu que dass ët daat eenzegt ass, wou ech iwerhaapt eppes soen kéint ... mee ët bleiwen ëmmer Saachen vun "affaire de goût" ...)
mee waat d'Beliichtung ungeet ... do verstin ech ... nix, njet, nada, que dalle ... an fir dann eppes ze schreiwen waat dir nët weiderhëlleft ... hmmm wees nët op's du dann méi glécklech doriwwer bass ...
° an dann muss ech och éierlech soen, war ët mir e beemol och ze vill Portrait'en hei op PG gin ... an dun war ech perséinlech ganz einfach "saturéiert" ... an en plus hun ech ëmmer méi d'Gefill kritt, dass ët éischter een Ping-Pong's Spill war tëschent e puer Useren ...
an dann déi Comments déi derbäi stoungen, déi nach just entweder perséinlech POV waren, déi all berechtegt waren, mee wou ech mir geduecht hun ... firwaat treffen déi sech nët iergendwou an diskutéieren daat dann do, well ët e beemol nach just war "ech mengen dass ... ", "neen esou war daat nët gemengt ...", "ech wollt ët éischter esou soen ... ", "dann hun mir laanscht eneen geschwaat ..." ... respektiv sin gewëssen Useren esouguer aus der Roll gefall ... an dun haat ech dowéinst och keng Loscht méi eppes ze schreiwen ... doof, gell? ... mee ët war awer dun e beemol esou ...
oder ët waren Comments déi ganz technesch gin sin, an do vertsin ech jo och näischt dervun ... :-((
° an dun koum dem Klex säin "Amandine" (déi S/W, an zemols déi farweg) ... waat an mengen Aan wierklech ganz aus dem Kader vun deenen aaneren Fotoen gefall ass ... obwuel ët och guer nët verglach kann gin ... well ët ass eng aaner Zort vun Portrait, wann ët iwerhaapt een Portrait ass (do kënnen d'Expert'en jo drop äntwerten) ... mee deen war esou erfrëschend aanescht wéi déi aaner Pörtrait'en ... an wann ech do dann erëm d'Diskussiounen gelies hun ... dun war ech carrément definitiv total saturéiert ...
° an dann hun ech mech och ëmmer erëm widerholl ... an daat bréngt deem aaneren jo och näischt, ne? ... ech woust einfach nët méi waat aaneschtes soen/schreiwen ...
° an bei mir heescht näischt schreiwen heiansdo dann och, dass ët mir ganz gutt gefällt ... tjo, mee wéi kann deen aaneren daat wëssen, waers do elo soen? ... jo do gin ech der Recht ... guer nët ... pffff
Voilà ... an ech hun nach nët alles gesoot ... waat ech wollt ... mee ech mengen dass daat duer géing goen an deels och op deng Aussoo äntweren kann ...
d'foto gefällt mer, mee ob mech wiirkt di pose eischter wei wann heen sech giff un d'schläfen tippen su à la "du hues se jo net mi all ganz der rei no"
awer interessant
en ganz scheinen portrait schued dass en donkel aen huet, heller geifen hei ganz gud passen eng ganz liicht verbesserung an der beliichtung wier flaicht op der lenkser sait en bessi manner seieren iwwergang an d'schwarzt ze maan, mee ass minimal. hues gudd geschafft hei