Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

An der Mëtt vunn ...

 
An der Mëtt vunn ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.10.2006
  • Gekuckt:
    24044
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    2.5
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    214 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    253 KB
  • Originaldatum:
    2006:10:29 17:28:43
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ an dem Lydie säin Tele, merci ;) (mäin ass an der Reparatur)

Fir anzesetzen: [pg_img=11377]
Kommentar vum Fotograf:
jo haut am Mëllerdall gemaach. Ech wees net sou richteg, sin mer net eens waat ech derfun soll haalen, dofir well ech et elo gesinn hei Kritiken reenen vun ierch! Awer heftech.
Kleent 29.10.2006 - 22:39
Mh also vum éischten Androck hier fannen ech se ganz schéin.
Mee daat extrem wäisst fiir stéiert mech awer e bessen...
D'Blierder op de Steng fannen ech zimmlech flott well doduerch méi faarw an d'Bild erakennt...
Jo... wees elo net direkt wéider eppes ze soen ...sceptical
Johny 29.10.2006 - 23:19
Hm jo hues Recht, et ass do vläicht bessen ze hell.
Mojoo 29.10.2006 - 22:49
Ob den éischten Bléck gefällt se mir gudd. Flott Resultat mat der Laangzäitbeliichtung!

Ech muss awer soen dass d'Foto mir mat mei Kontrast an Saturatioun (+- 10) besser gefällt. Daat bréngt zwar mat sech dass daat Wäisst fiir nachmei hell gëtt, mee trotzdeem gefällt mir d'Foto insgesamt dann awer besser.

Dei puer Ebenen am Bild fannen ech flott, genau esou wei dei schéin gring an brong Faarwtéin.
Johny 29.10.2006 - 23:21
Saturatioun huet se schonn, mee däin +- 10 seet guer näicht äus, well all Programm huet do eng aaner Skala smile Wann ech déi alelrdings nach méi ropdrécken gëtt d'Gring ze vill onnatirlech. Waat ech misst maan ass d'giel an d'rout Téin verstärken ... ech wees dass et geet mee ech wees net wéi bigsmile
No_Saint 30.10.2006 - 00:24
matt enger Selektiver Farbkorrektur, wous'te noeneen d'Routéin and Gieltéin esou kanns upassen bis se der gefaalen.
Johny 30.10.2006 - 16:10
OK Merci wärt ech geschwenn nach probéiren smile
Nicon07 30.10.2006 - 16:22
Du hues dach den Aperture. Ganz ënnen an der Lëscht vun den Verännerméigléchkeeten, do as esou ee Blalken mat farwege Quadrater. Wanns du do ee Quadrat uclicks, z.B. dat roud, da kanns du alles wat roud an dénger Foto as verstärken oder desturéieren, farfléch méi op blo oder op giel zeéien, da Gamma veränneren asw. Fir gring kanns du do, wann ech dat gudd an Erënnerung hun, den Toun vun cyan op roud veränneren. Méng Foto vum Eiger bei Sonnenënnergank as och esou "agefierft" gin. (cf n° 11060) Probéier mol domat, fir d'Farwen ze veränneren. Dat geet nämléch vill besser, wéi mat deene klassesche Filteren, wou s du emmer irgend ee Farfstach an dat ganzt Bild kris. Mam Aperture as dat net esou. Op alle fall hun ech déi Erfahrung scho gemaach.
Johny 30.10.2006 - 16:24
Ah sou OK. Jo sou genee hun ech den Aperture nach net ennersicht, bon am fong kennen ech en zwar scho besser wei ech je den PS kannt hunn, mee eben nach laang net alles. An selbstverständlech ass et besser et am Aperture direkt ze veränneren matt der RAW File. Och heifir rem Merci!
paikea 29.10.2006 - 22:56
Resultat vun der Langbeliichtungszeit: d'Waasser fléisst ziemlech onnatierlech duerch den Mellerdall. vielleicht wollst du se jo och sou hun... who knows... d'Hierschtfaarwen gefaalen mer awer gudd!
Johny 29.10.2006 - 23:22
Onnatirlech? Laangzäitbeliichtungen bei Waasser gesinn nie natirlech äus, normal well et ass net daat bild waat mir gesinn wann mer et kucken smile A wann ech et net sou gewollt hätt, hätt ech se jo och net sou gemaach, also ech wees scho waat ech wëll an maachen closed_eye
Knolles 30.10.2006 - 08:26
/removed/
paikea 30.10.2006 - 20:27
dovun sin iwerzeescht, dass du daat mess waats de wells maan smile c'est la liberté de l'homme! ass halt just eng affaire de goût ou bien de la perception! nothing more! nothing less!
Johny 30.10.2006 - 22:09
Ok da si mer eis jo eens closed_eye
Ochiniwa 29.10.2006 - 23:18
Gefällt mer eigentlech ganz gudd mee d'Waasser ass effektiv wei schons gesoot am Virgrond e bessen ze hell. och hätt ech villäicht mei no lenks photografeiert? deen zentralen Steen ass e bessen ze zentral ... ass esou en Androck. D'Farwen and Schärft fannen ech 1a
Mojoo 29.10.2006 - 23:19
Lies den Titel an du verschtees firwaat den Steen esou zentral ass... denken ech.
Johny 29.10.2006 - 23:22
Genee wei de Mojoo am fong soot, dee sollt genee sou dohinner.
Ochiniwa 30.10.2006 - 09:37
Ass mer schon bewosst dass du daat esou wolls, mee deen ganz stark gringen Steen lenks brengt d'Bild aus dem Gläichgewiicht.

Villäicht häss de se kennen ganz liicht Vignetteieren...?
Johny 30.10.2006 - 16:10
vignettéiren? naja denken awer net. Daat ass mer da schonn ze vill Bearbechtung an ech wees net ob d'Resultat sou daat sollt sinn.

Daat mam Gläichgewiicht do hues de awer effektiv vläicht guer net sou onrecht.
Knolles 30.10.2006 - 08:28
/removed/
Rabicop 31.10.2006 - 00:14
flait eng gretz manner lang beliicht wier hei mei gewierscht. ennen geet et shon ganz extrem an d'waisst ran wi jo schon puer leit hei beschirr hun, doduerch wierkt dee mettelse steen an deen lenks hei fier bessen monteiert, mei uewen wierkt en natirlech, sou wei en jo a wierklechkeet as
Johny 31.10.2006 - 00:22
Montéiert? Daat verstin ech zwar lo net wisous de daat sees. Matt net su laang beliicht, jo daat stëmmt wéi eben scho gesoot wéinst dem ze helle Waasser fir.
Rabicop 01.11.2006 - 22:14
hmm wi soll ech mech erklären, eben well d'waasser ze schnell leeft, gett et sou waiss, dat sech dat gréngt, resp. de steen vill ze vill ofhiewen an doduech ausgesin wi nodreiglech drop gesat.
me bon, d'leisung as jo eben eng besse mi kuerz beliichtung. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 647 Gäscht online