Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Endless

 
Endless
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.10.2006
  • Gekuckt:
    24365
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    700x456
  • Späicherplaz:
    119 KB
  • Originaldatum:
    2006:08:22 10:39:31
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=11374]
Kommentar vum Fotograf:
Mol eng Foto vu menger Vakanz zu Nice.

Ass näischt besonneges, mee mir gefällt se...
Wann een bedenkt wéi grouss d'Mier ass am Géigensaatz vun engem Mensch... fannen daat irgendwei... grugeleg... ;-)

Géif mech iwwer Kritiken freen...
Mojoo 29.10.2006 - 22:27
Ech fannen se schéin... smile

Ech keint mer fiirstellen dass d'Foto nach mei den Androck vun "Onendlechkeet" kritt häett, wanns de den Horizont mat dropp geholl häess, also aus nach mei engem déiwen Wenkel fotograféiert häess. Vlait awer och net... closed_eye)

D'Idee dei derhannert stëcht ass flott... schéinen Faarwendégradé, roueg Kompositioun an iwwerluerchten Kadrage smile
Kleent 29.10.2006 - 22:29
Daat mam Horizont ass nawell richteg... sceptical... Mist tongue
Johny 29.10.2006 - 22:28
Scheisse, an sou e Bild em des Joreszäit weisen unhappy

Alo ech fannen se simpel mee flott, haaptsächlech wéinst dem Faarwverlaaf. Just et hätt ee vläicht kéinten ënnen d'Plage iwert d'ganz Längt ganz bessen gesinn.

//EDIT: NEE net den Horizont ganz drop dann ass daat Gefill vun der Onendlechkeet flöten smile
Mojoo 29.10.2006 - 22:31
Fënns de? ... smile
Johny 29.10.2006 - 22:36
Ech si mer do zimlech secher. Du kriss kee Gefill vun Onendlechkeet wanns du d'Enn gesäis :/
Mojoo 29.10.2006 - 22:40
Eigentlech gesäit een jo keen richtegt Ënn wann een iwwert d'Mier kuckt, well d'Erd ronn ass... hu mir mol sou an der Schoul geléiert bigsmile

Nee ech verschtin waats de mengs, an et ass gudd méiglech dass de Recht hues closed_eye

Ech probéieren et an der nächster Vakanz... smile
Kleent 29.10.2006 - 22:34
Merci, bon mam Horizont wees ech net... misst een mol vergläichen... closed_eye
spako 29.10.2006 - 22:33
Fannen se och immens flott... ech gin dem Johny recht mat der Plage.. oder einfach guer keng Plage (mee dat geet wahrscheinlech net) ... wier flott gewierscht wann ee nemme Blo an d'Fra geif gesin smile ech fannen du brengs hei super daat gefill vun Onendlechkeet eriwwer!
Kleent 29.10.2006 - 22:35
Merci spako, mat der Plage mmh jo... de Probleem war daaten do d'Leit direkt no bäi suutzen... dofiir hun ech hei sou enk misse schneiden... unhappy
Knolles 29.10.2006 - 23:20
/removed/
Kleent 29.10.2006 - 23:37
Wéinst der Plage: Jo, den Johny an d'spako hun daat jo och schon betount, mee do waren eben d'Leit no bäi mat den Dicher an den Prabelli'en. Do haat eben dunn Pech closed_eye

Ech luerden och Fotoën erop, dei mer net gefaalen, fir Kritiken ze kréien. Daat ass dach een Sënn vu Photogen, fir Roodschléi ze kréien fir et dann besser ze maan.

Du hues Recht wanns de sees daat et fill deers -mir gefällt se- gëtt, mee ech perséinlech schreiwen et meeschtens nemmen dobäi wann ech wees, daat d'Foto schon net besonneg ass, an ech awer daat einfacht un der Foto flott fannen... einfach fir et eben ze soen, daat mer d'Foto gudd gefällt. Daat ech eben zefridden sin mam Resultat... oder net?
Knolles 29.10.2006 - 23:46
/removed/
klengtfierkel 30.10.2006 - 01:05
;) ech hun och su eng foto wu 2 leit op su engem wellebrecher setzen .. an op en onendlecht d'Mier kuken :D

gefällt mer awer gut smile just schued d'ass d'fraa net riit rauskukt .. géing fier mch dan nämlech och ( wi ech op menger geduerthun smile) un su an d'zukunft kuken arenneren smile
mee d'Mier ass wonnerschéin .. iwwer plage an horizont léisst sech streiden ;) geing et awer och flott fannen wans de se bessi no rietz géings kippen an dan plage eweg :P mee ass emmer affaire de gout smile an sou wi se ass fannen ech et och gut ;)
wieklech schéiin smile
Kleent 30.10.2006 - 17:58
De Bléck vun der Fra... jo lo wous de et sees gin ech der Recht, wier wierklech flott gewierscht wann d'Fra och nach an daat Onendlecht erangekuckt hätt...closed_eye

Merci fir däin Kommentar smile)
Rabicop 31.10.2006 - 00:19
NICE as einfach sou "tonguehotogen"!!

na emmer wann ech do war, hun ech mech missen puer minutten op eng bänk setzen an einfach nemmen de faarwverlaaf vun ganz hell blo bis hannen donkel kucken, wi en op deser an daer foto dono gudd riwwer kennt

an wi ech gesin, stungs de do bei deenen decke kisel resp. waake steng, dat as ee gehirlose sound wann d'wellen do dra wullen
leider kritt en dat jo na net op foto drop smile

flott faarwen
Kleent 31.10.2006 - 12:37
fillmols merci smile
daat mat de wellen ass wierklech genial.. mat dem "sound" weis de sees closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 458 Gäscht online