Absolut grandios Miëresopnahm, just fannen ech, datt di fir méng Begrëffer ze massiv Rumm de Sujet erdréckt. Mais dofir sin d'Farwe vum Mier awer genial gudd eremgin.
Géi mol eng Kéier op www.plisson.com kucken. Also ech fannen, datt déng Foto hei séch virun deenen net brauch ze verstoppen.
WOW, deng Foto as genial, geseit aus wei an engem Billerbuch!! Sie as schaarf an wei den Nicon07 schon soot sin Faarwen och gudd! Allerdengs kann ech perseinlech näischt un der Rumm aussetzen (jidderengem seint)! Nach eng Foto dei zu mengen perseinlechen Topfotoen geheiert! )) *freu*
Waa, hey, woars de erem an Irland... cool. Gewaltech, brachial an uresch. Kann scho baal higoen an meng Lieblingsphoto ersetzen goen .. duerch di heiten, awer nemmen baal...
Zur Foto awer nach: Ech fannen se immens gutt ginn. D'Kraaft déi derhannert stëcht kennt gutt eriwer an et ass ganz gutt esou dass ee fir nach bessen Stäng gesäit an och bessen Hannergrond do ass, eme bon, daat wolls de jo wuel warscheinlech sws genee sou hun
Hei ass ërëm eent vun dene Biller, wou ech probéiert hunn déi visuell Impressiounen matt denen emotionalen ze verschmëlzen.
Wann Ech är Kommentare liesen schingt de Fonken iwergesprongen ze sinn.
Merci !