Ech kann mech nët entscheeden ... ... mee bon, ech wëll mech och nët entscheeden ... well ët sin hei 2 verschidden Approchen, déi allen 2 hier "Plus-Punkten" hun ... ) ...
an dofir gefaalen mir déi 2 Versiounen! ...
deemno waat ech domat géing machen, géing ech déi S/W oder déi faarwesch Versioun besser fannen ...
hm...as dess hei wierklech schwarzwaiss? Op den eischte bleck gesait se fir mech aus wei wannsdu dßfaarfintensitiviteit just roofgeschalt hÄss..
Sief dann..farwesch gefÄllt mer zumindest besser
Ech fannen dei heiten huet eppes spezielles.. dei aaner ass och immens flott aawer hei fannen ech et immens interressant dats de (baal) alt d'Fuerwe rausgeholl hues.. gefaellt mir immens gudd!
Et sin wierklech 2 ganz verschidden Fotoen... do gesäit een mol waat Farwen alles bewierken!
Wéi eng mier awer elo besser gefällt kann ech dier nët soen!
Déi eng mat hierem knätschbloen Himmel huet mier ganz gutt gefall, mee déi hei gefällt mer grad esou gutt! Se wierkt op mech vläicht e bëssen méi harmonesch, déi aner hun ech méi knalleg fonnt!
Also 2 Fotoen mat verschiddenen Wierkungen!
An bei deenen 2 gefällt mer däin Bildopbäu och ganz gutt!
Also ech sin der Mehnung wanns du d´Foto am Postkaarte-Format entweckle wells, dann as déi faarweg besser, parconter wells de se am Format 1 m x 1.5 m agerummt iweert däi Kamain (deens du net hues) hÄnken, da géif ech éischter zur S/W tendeiren