Fannen ech och een ganz flotten "Schnappschoss" ... an dass een eben och just den Aarm vum Chauffeur gesäit ... an wien kann den Wee besser weisen, wéi hien ?
Dann hun mir ons awer doënnen "verpasst" ... war zur selwëschter Zäit an der Géigend (20km wäit eweg) ...
Sintra,Cascais,Estoril, Guincho dèi eng sait oder iwert Breeck ewech richtung Costa da Caparica?
Also ech wollt den Trämmchen net ewechkropen well en einfach zum wahrzeechen vun Lissabon geheiert. "Nostalgie" wär vileicht besser als Iwerschreft eriwerkomm!
Genau deen Deel !!
lénks vun der Bréck, an genau do :
Estoril-Cascais-Guincho-Sintra-Mafra-Ericeira-Santa Cruz ... just, dass ech dëst Joer nët vum "Fleck" Mafra-Ericeira komm sin ... ech wor esouguer nët bis bei den Guincho komm, waat all Joër meng "Wallfahrts"- Plage ass ... wéinst deem Wand, an deenen Wellen, an dem Surf (deem ech awer nëmmen nokucken!) ...
mee deen aaneren Deel, Costa da Caparica, do war ech d'lescht Joer .... rieseg, zimmlech eidel Plaagen!! ganz flott och ...