Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fantastech

 
Fantastech
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.09.2006
  • Gekuckt:
    15238
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    9.9 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    750x1000
  • Späicherplaz:
    726 KB
  • Originaldatum:
    2006:09:22 18:21:35
  • Fotoapparat:
    DMC-FZ50
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=10346]
Kommentar vum Fotograf:
Sorry leider ass mir keen sou richtegen Titel zu deser Foto angefall...... Hoffen sie gefällt ierch..... Freen mech op all Kritik.....
Johny 24.09.2006 - 00:26
Boah also den Titel fannen ech seet alles. Definitiv eng vu mengen Favoritefotoen um Site. fir mech ass se tiptop esou.
Mulanski 24.09.2006 - 09:33
Viiiilmooools Merciiiii Johny...... daat vun engem ze heieren, demseng Fotoen ech sou zimmlech alleguer richteg Gut fannen, ass wierklech super...... also Merci Merci an nach emol Merci closed_eye
MarcGerard 24.09.2006 - 00:40

super gin! et sin e puer mini-klengegkeeten déi ech elo als grond giff gesin se net als top ze wielen. se kipt e bessi, an ech froe mech ob 't perspektive gudd gewielt as.. dat as natiirlech mini- mee et kann ee secher nach mega-vill eraushuelen! as dat op der schwaarzer bréck?
Mulanski 24.09.2006 - 09:22
hmmmmmm..... emmer dei ''mini-klengegkeeten'' waat ech dei haasen closed_eye... nee keen problem..... jo se ass op der Schwaarzer Breck gemach gin..... du hues recht si kipt en bessi no lenks, mee steiert daat wierklech? also ech hun mir dei fro och gestallt wei ech se bearbescht hun.... Wanns du mir awer lo sees, dass et soss eng Topfoto gin wier, dann keint ech daat jo villeicht nach ausbesseren closed_eye...... merci awer nach vir deng Kritik....
MarcGerard 24.09.2006 - 12:57

mini klengegkeete gett et emmer. a firun allem: och wann ech keng fannen; een anee fënnt emmer anch eppes. et gett kee bild wou keen eppes drun auszesetzen huet..
Mulanski 24.09.2006 - 17:57
ech mengen do muss ech dir ewei emmer recht gin closed_eye

Kwitchibo 24.09.2006 - 02:18
mmh se as zwar guud mee awer net Top fir mech perseinlech
fannen sonn bessi ze krass hell an daat schwarzt as vielleicht bessi vill present am bild!
daat klengt zwar elo net positiv mee et as secher eng vun deenen Guuden !!! smile och wann ech se net toptop fannen mee guud an bessi mei as se awer!! surprised
Mulanski 24.09.2006 - 09:15
Moien Kwitchibo..... als eicht mol merci vir deng Kritik..... jo daat mat der Sonn ze hell, an den recht ze donkel, gesin ech lo net sou als ''fehler'' (waat jo normal ass well ech se selwer gemach hun) daat soll jo en bessen wei en sonnenergang ausgesin, do ass dSonn eben hell an den recht.......
Neckel 24.09.2006 - 08:14
Hm also keng laang erlkärung vun mir, gefällt mer alles bis op d'Rumm ... Super Faarwen, an wat mir am beschten gefällt sin d'Bleckfäng, fir d'eischt d'Schinen, dann d'Sonn, an dann den recht ... Eng flott Foto closed_eye
Mulanski 24.09.2006 - 09:05
SALUT Neckel..... freet mech dass se dir gefällt.... jo mat der Rumm, daat wuar sou eng Saach... wosst net sou richteg wei ech mech do unleen sollt.... Hun se schlussendlech ennen weschfaalen gelos, well soss d'schinnen sou ofgeschnidden wären, an daat wollt ech net, ech wollt dass d'Foto iergendweou geif unfänken....
Graziano 24.09.2006 - 10:44
wow mega dei foto zumols den himmel an deen bleck sou op d'schinnen gefält mier mega gudd also secher top fotobigsmile an dat mam no lenks kipen also mech steiert dat guer net
Mulanski 24.09.2006 - 11:12
Cool.... villmols Merci.... jo dass se no lenks kipt, steiert mech och net sou wierklech.... op se Top Foto gett oder net, wees ech net... wier awer net schlechtclosed_eye
CHAREL 24.09.2006 - 13:04
Kann mech deenen aneren nemmen unschleissen! ass eng super Foto!
Mulanski 24.09.2006 - 13:23
Ma dann soen ech dir och viiiiiiilmols Merci, Charel.
CHAREL 24.09.2006 - 13:33
Ass geeeeeergeschiiiiiit
Sam 24.09.2006 - 13:18
Genial! D Rumm ass bessi kommesch mee gefällt mer och closed_eye
Mulanski 24.09.2006 - 13:22
Freet mech villmols merci..... alt een deen daat en bessen aus der selwechter siicht wei ech gesinn.... closed_eye
coolpix 24.09.2006 - 18:09
Hm ech perseinlech kann mech deenen meechten net uschleissen, ech fannen zwar daat et eng ganz gudd Foto ass, mee och net daat se esou erausstecht. Den Himmel ass natierlech super, och mat der Spiggelung op den Gleiser, mee d'Foto wierkt eidel op mech.. ech wees net richteg wei ech et kann erklaeren, mee sprecht mech direkt net sou un.
Mulanski 24.09.2006 - 18:15
hmmmm..... ok, mir gefällt se...... Merci awer....
coolpix 24.09.2006 - 18:18
Net falsch verstoen: Mir gefaellt se och, mee ech fannen eben net daat se sou stark erausstecht closed_eye
Mulanski 24.09.2006 - 18:49
KPclosed_eye verstinn waats de mengs.....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 594 Gäscht online