ech hun mer esou eppes och geduercht.
wosst och dofier net op ech se sollt erop lueden oder net.
mee bon hun se awer erop gelueden well ech se flott fannen
ech wollt scho froen, obs de deen wou do läit ev. an der famill has, oder op deen e bekannten aus der famill wor!
apropos betonklotz. dee stéiert wierklech! an do muss ee just een, zwee schrëtt op 't säit gin, an en ass fort. oder et sicht een sech en anert graf! ewechretuschéieren wier hei nemmen eng noutléisung, fir de fall dass et der bei der opnahm net opgefall ass...
ah jo, an 't bild kippt no riets. soueppes fannen ech emmer schrecklech an nach eppes nachengkéier apropos klotz: et hätt een evt. kënnen de klotz hannert dem kräitz verstoppen
mee 't bild u sech gefällt mer. flott faarwen, an 't motiv ass, wéi gesot speziell!
gudd gesin