lol ech hun eendeitech eppes verpasst daat do geseit jo sou genial aus
boah herrlech geseit dei foto aus ass eben nemmen lusch datt ett gespillt ass naja hmm klengt lo och fleit bloed
mee muss soen genial dei farwen dei pos an sou grr herrlech
Déi Foto dréckt wierklech zimlech vill aus, klex ....
° dem jonken Kärel säin Gesiichtsausdrock an seng Bléckrichtung ....
° déi méi hell Plaatz wou hien dran ass, par rapport zu der Däischtert ronderëm him, an dann erëm ganz hannen am Horizont den Unfank vun Lucht an Faarw ....
° den groen Buedem (z.B.Trauregkeet) wou hien NËT (méi?) drop steet, an wou hien awer drop eroofkuckt, dësen ass emréngt vun gringer Wiss (z.B. Hoffnung), an an senger Mëtt rouden Glouh (z.B. Liewen) ...
° den groen Damp, (z.B. gro Errënnerungen oder traureg Erfahrungen) déi entweder nach "an der Loft" leien, oder déi sech opléisen an fort fléien ...
Ech hun nët mattkritt ob ët gestallt war oder nët, mee ech fannen se wierklech immens villaussoend ....
(Ass eng méiglech Interpretatioun mengersäits ...... wann een awer bedenkt, waat e puer Minutten virdrun an duerno alles lass war ... hehehe ... dann ass ët schon impressionnant, waat hei eriwerkënnt .... )) ...)
Flott interpretatioun! An dach, d'Foto wuar gestallt. Ech haat e gesinn do setzen an hu mer geduet dat ech do eng Foto sollt maan. Du si puer Saachen di do luche verschwanne gedo gin. Stativ opgestallt an de Bletz an di richteg postioun bruet gin. De Garry wosst anscheinend waat ech wollt eriwwerbrégen an huet direkt och passend gekuckt
merci
Wow Lex Du kens emmer rem op Iddien, do bleiwt engem de Mond opstoen!!!! ;-))
Noo deier brillianter Interpretatioun vum Jade , schléissen ech mech him un: schon erstaunlech waat alles op der foto eriwwerkent
De Moggy kann daat awer GUDD ;) an SOU fällt en och weinstens net em...
fir de rescht soot ech der jo direkt dass ech d'foto super fannen
Merci annemie daat sin emmer spontan iddien haat eben d'gléck dat ech den aprat dabäi haat an de bletz... dowéinst sin ech su ongäer ouni Fotoapprat ennerwee
Also besser wéi d'Jade kann ech et och hei nët äusdrécken an machen et wéi d'annemie; ech schléissen mech un! Gefällt mier immens gutt wéi vill een an déi Foto eran kann interprétéiren! Hues du tip top ëmgesaat!!!
Ohne Worte... Einfach nemmen fantastisch..
Ech ka mech deenen aaneren nemmen uschleissen, och wann ech lo net alles gelies hun. Mee einfach genial. Dei Foto dreckt richteg vill aus an ass einfach onbeschreiwlech. Mei kann ech net soen, well ech et jo net beschreiwe kann.