Denken net dass d'Color Runs et schon bis an Europa gepackt hun, mengen dat ass nach mei eng nordamerikanisch Saach. Waert awer iergendswann wuel och an Europa Fouss faassen.
@Metalbambi: Do hues schon recht, dat werfen ech mer och selwer e bessen vir, mee et woar tatsaechlech net ganz einfach do ze fotografeieren. Et kommen der nach e puer, vleit gefalen dei jo besser.
D'Fotoen sinn vir mäin Goût ze 'langweileg' (sorry, fält mer grad keen bessert Wuert an). Also et sinn einfach sou Standardportraiten, wou d'Leit zwar interessant sinn, mee d'Foto dat net sou richteg riwwer bréngt. Sou eng Situatioun rifft jo quasi no Kreativitéit, mat den Faarwen ze spillen an eppes cooles draus ze maachen. Häss menger Meenung no kënnen méi dorausser maachen, mee ass natierlech schwéier dat an deem Moment sou ëmzesetzen.