eis Kiichtenbeem am Gart hunn sou schein Bléien, an dunn hun ech ma geduert, datt et perfekt wier, fier den neien Fotoapparat bessi auszeprobeieren. Dat ass dann d'Resultat, an natiirlech ass all Kritik wellkomm :)
Daat ass een dankbart Motiv vir um Ufank mat engem néien Fotoapparat ze schaffen...Lo muss du dech awer nach op d'Motiv konzentréieren 1 an 2 fannen ech zimlech langweilech vum Motiv hier, an bei der 3.Foto ass leider d'Sonn nitt op däer richteger Plaatz, mir gefällt do awer däin Versuch vum Schäerfteverlaaf!
hmm... hun ma geduet datt dat wahrscheinlech neicht esouu extraes gett, mee misst et einfach probeieren. D'Sonn kann ech och net reckelen, awer naia... ech verstinn wat's de mengs Ob jiddefall merci fier den Kommentar
Kloer, probéieren ass emmer gudd, ech well dech och guer nitt dovunner oofhaalen Nemmen duerch probéieren léiert een, mee jo du wäers nach vill Fotoen mächen, déis du ni engem wäerts wéisen. Mee mol heiansdo sou eng op PG roplueden ass nitt schlemm, da kannste awer villäicht duerch Kritik bäiléieren.
Mat der Sonn, do muss een Gedold hunn fir eng schéi Luucht ze erweschen