Hei muss de dech heinsdo gedellegen bis de en puer Kommentarer kriss. Zur Foto : Super Faarwen ! Hei hues de io baal di ganz Faarwpallett dran Gefällt mer gutt vum Schärftenverlaaf hier. Do hues de präzis geschafft wat d'fokussèiren ugeet.
D'Foto ass net verännert, sou geschoss. Leider mirken ech elo dass di zeit di dobai steet komplett donieft ass mee bon. (Dat wert sou 18h gewiecht sin).
Sin ganz gespannt fir den recht nach, well et ass meng éicht di ech eropgelueden hunn...
Bei denger Photo as mir bessi ze vill onscharf, ech hun Probleemer (ouni op den Titel ze kucke) den Subjet vun der Photo ze fanne.
Als verbesserung Virschlach hätt ech:
Den Wenkel vun der Opnahm ze ännere. Net einfach vun uerwen drop, me villeicht méi vun vir (daat wär mol eng net typësch Vue vir e Blaat). Well alles waat anëscht as, fällt op.
Dann villeicht d'Schärft op d'Odere vum Blaat, well déi gin eng schéin Baamstrucktur. Sou hues du dann Linen déi an d'Bild eranféiere an déin Bléck iwert d'Photo "lenke".
Interessant Iddi. Probéieren dat dann mol di next Kéier.
Ech hun na eng aner Foto wou di Baamstrukur gudd ze gesin ass, allerdings och éichter vun uewen gesin, an dodurch (hat ech schon selwer fonnt) langweileg.