Deng eischt Photo hei, ech well net ze vill kritesch klengen also huel et als Tip oder Idi, hei meng perseinlech Impressioun nodeem ech d'Photo 3 mol kuerz ugekuckt hun an 2 keier ungeklickt hun.
Waat mech extrem steiert un deser Photo ass dass den Haaptsujet absolut net Scharf ass...
D'Beliichtung ass ze hell, den Himmel ass ausgefriess.
D'Idi ass zwar banal awer flott. dei enescht 2/3 vum Bild sinn eigentlech ok mee den irweschten Deel do kanns de secherlech drun schaffen.
ok merci dass de net ze kritesch bass
ech weess dass dei foto net allze gudd ass mee de problem ass dass et di eenzeg foto ass dei ech gescht dropgelued krut, di aner waren all ze grouss
ech kucken natiirlech fir dee problem ze leisen mee sou seier krut ech dat nach net hin...