Et as iergendwei zimlech schwierech d'aen richteg scharf ze kreien bei sou fotoen. Lait warscheinlech drun dass ech keen makro-Objektif hun, mee ech wees et net. Kann mer een tips dozou gin?
Dass d'Aan net scharf sin leit éichter dorun dass de dech net konnts tescht der Nues an den Aan entscheeden An souengem Fall hätt ech d'Schärft awer op d'Aan geluecht. Bei engem Makroobjektiv häss de genau den selwechten Problem.
Achso ok! Jo bon wann ech mer zwar do zait geholl hät fir mech ze decideiren dann hät ech warscheinlech eng aidel foto gehaat, well 2 sekonnen nom knipsen war d'kaatz well rem weg
Mee trotzdeem gud ze wessen, merci
firwaat iso 800 ?? war et esou deischter?
emmer op Aan scharf stellen bei esou enger Foto...
Kontrast?
Kadrage as wei soll ech soen mmmh ahjo guer net originell kuk deng Foto an dann gees de anner Mietzen fotoen sichen...et as eng guud an den top fotos! net einfach vun fier an wann dann awer richteg verschafft oder eben richteg agestallt an dann ofgedreckt!
kleng hart mee brengt da neischt wann ech schreiwen leif Kaatz ...
waat d'iso ugeet: gud fro!!
Kontrast: jo as bessen mince!
Jo hues schon rescht! Wei gesoot sin ufänger an hai fir eppes bai ze leiren, dofir merci fir den komentar an wert mer et zu herzen huelen