Fannen se ganz gudd. Gett engem wierklech d'Gefill wéi wann et doheem um Bett géif leien an déi Zeitung do éif duerchbliederen. Gesait guer net gestallt aus. Ech fannen et gudd, dass an der Zeitung eng Sait mat enger grousser Reklamm ausgewielt ass, soss géif Zeitung zevill ooflenken. Pose ass super, Hoer perfekt! Mat "ze déif eran gesin", wees net, et ass effektiv zimmlech déif mee mengen daat dréit zu der Situatioun bai, et fillt sech eben wéi "my home is my castle" an do kuckt jo keen no, dann lait een halt sou do.
Hun wierklech naicht auszesetzen un der Foto
Et as ee ganz ineterssanten Cadrage. De Model as op 3 Säiten ugeschnidden. Opwuel de Model net an de Fotoapparat kuckt, fannen ech säi Bleck super.
Duerch den Nuetslepp (oder wéi soll een dat nennen?) huet d'Foto eng subtil Erotik.
Och op d'Iddi mat der Zeitung muss e kommen.
Alles an allem wirklech gutt.
Ahh hat nach vergies demm medchen ass et kall hat kukt dammen mäntel an Kleder an wat flott ass keng Bijouen well dat gett deier eng gut Photo mach weider w.e.g.
fir de CANON: daat mat den Dammemäntel war wuel éischter Zoufall, well kaal war et him nët, well ech hun der och ouni den "Nuetslepp" ma déi gehéieren jo nët op dëse Site. An ech mengen d'Telefonsnummer brëngt äusser enger héijer Telefonsrechnung de Moment nët ganz vill, well hat ass vu Lëtzeburg op Barcelona geplënnert. Ma als Trouscht, wann et nés émol fir en Trip op Lëtzeburg kënnt posten ech e puer nei Fotoen hei.
gefällt mer gudd, keng üblech "studiofoto" originell an flott iddi, super pose, fannen just den décolté lenkt of dat ass dat eenzegt wat mech amfong steiert mee den männer gefällt dat jo sws (mailen zreck soubal ech zeit fannen!)
Jo, flott Photo. Gefällt mer besonnesch well ët eben och keng typesch, respektiv üblech Studiophoto ass. Gudd Beliichtung a ganz flott Cadrage. Och Faarw vum Nuetslepp passt gudd. Tiptop Photo!