Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Spatzeninvasioun

 
Spatzeninvasioun
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.10.2007
  • Gekuckt:
    27215
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/3,
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    86 KB
  • Originaldatum:
    16.10.2007
  • Fotoapparat:
    Canon Eos 400D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen
Extras:
Bessi opgehellt um Pc

Fir anzesetzen: [pg_img=22935]
Kommentar vum Fotograf:
Öhm, jo hun geduet geing spannen wi ech den Owend zur Fenster rausgekuckt hun... mee hei as de Beweis datt ech net mell sin ;-)
Och wann ee et net direkt erkennt, et as en riese Schwarm vu Spatzen deen hei sait geschter seng Ronnen dreint...
Huet vlait een eng Iddi wi een sou eppes besser maache kann?
Syacelion 17.10.2007 - 14:28
Kuck roueg méi oft zur Fënster eraus an/oder an d'Luucht, do gesäit een Villes, ët as eng grouss a schéin Welt dobaussen. smile

Et sin hei awer mengen ech keng Spatzen, mee Staren. Déi fléihen d'ganz Joer iwwer a riesegen Schwärm, besonneg impressionnant as daat wann se eng gréisser Naschtkolonie anzwousch hun an bei Sonnenënnergang dann doriwwer hier Show ofzéihen, mat komplizéierten Wendemanöveren an spontanen Formatiounen. Do gesäit een dann heiandsdo eng rieseg Wolléck vun hinnen déi Spiralen dréihnen, an daat as einfach en absolut génialen opteschen Effekt, deen een schwéier op eng eenzel Foto kritt mee op Film super rauskënnt. Déi éischt fléihen eng Kéier an alleguer déi aaner zéihen no, sou dass du eng Well hues déi duerch deng "Wolléck" geet wann Dausenden vun Vigel sequentiell vun Profil zu kompletter schwarzer Silhouett wiesselen. Nach méi flott as daat natierlech wann een anzwousch as wou se daat bei Sonnenënnergang iwwer dem Mier maachen, mee och bei eis heiheem as daat immens flott ze kucken. Wann déi do lo an aalen Gemeier bei dir an der Géigend hausen, permanent oder just als Wantergäscht, kuck owes éier d'Sonn ënnereget op jidde Fall méi oft emol zur Fënster raus mat der Kamera! smile

Zur Foto selwer: Éischter e Schnappschoss, an wann een d'Motiv fir d'éischte Kéier gesäit, dann as daat beandrockend genuch. Mee do as nach Villes dran, hoffentlech bleiwen se bei dir, dann kanns du bëssen experimentéieren, an e bëssen e Gespier fir hier Flugverhaalen entwéckelen an Bewegungen an Effekter afänken an net just eng Wolléck vun Punkten ob engem groen Himmel. Am Beschten mobil sin, an du hues jo eng wierklech gutt Kamera, awer sief gewarnt! Am Beschten nët vun ënnen erop an se knipsen, bei sou villen sin der ëmmer(!) dobäi déi grad deen Ablack "Ballast" ofgeheien an dobäi treffen se nawell gären de Fotograf oder säin/hier Material!
Jess 17.10.2007 - 18:14
Hui also fir deischt mol villmols merci fir di lang Anleitung, dei as wiekleg top! smile
Also daat wéi se fleien daat hun ech am fong probeiert ze knipsen, mee d Formatiounen sin entweder net ganz drop oder di Spiralen sinn schons ferdeg gewiecht wann ech Villercher remfonnt hun closed_eye mee daat stemmt ower well ohei se fänke grad nees un, mee as haut zimleg niwweleg, wei gesot do sin zimleg vill beem mat näschter hun eigentleg perfekt vue op hier arena, mee as wiekleg schweier daat sou impressionant anzefänken wei et dee moment "live" ausgesait...

Mee nach e mol villmols merci bigsmile
Syacelion 18.10.2007 - 14:04
Ma gären. smile

Hm... mee so mol... As daat do nët zu Maacher uewen am Bierg anzwousch? Hätt baal Loscht och emol dengen Kolleegen opzelaueren. closed_eye
Jess 18.10.2007 - 15:42
Dach also zu Maacher as et schon, mee ennen am Zentrum wou den "Centre Culturel et Sportif" as closed_eye
Fir mech as et relax, brauch theoreteg mol net virun Dier ze goen smile
JohnJ 19.10.2007 - 15:34
Wann elo nach een Greiffvull gejoht hätt wier se Wildlife Foto vom Joer 2005/2006 gin
sich mol dono um Net ann du wees wat ech mengen

Greiss
Jess 19.10.2007 - 20:51
Also verstin beim beschte Wellen net wei ech dain Kommentar verstoen soll, well hun um Net gesicht mee naicht fonnt waat iegentwei op deng Begreffer treffe kann...

Op allefall, wann et e Reproche soll sin datt ech vlait iegentwou eppes kopeiert soll hun wat ech net wees, da kann ech dech berouegen, di Foto hun ech selwer gema, mat enger Rutsch vun baal aaneren 50 ähnlechen. Vum Thema hier hun ech keen kopeiert op allefall net wessentleg well hun virdrun nach naicht sou gesin gehaat, wär fein wans de dech e bessi mei preziséiren künns...
Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 415 Gäscht online