Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Delicate Arch at sunset 2

 
Delicate Arch at sunset 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.01.2007
  • Gekuckt:
    26315
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/25
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    26 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    112 KB
  • Originaldatum:
    25/Oct/2006
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
Extras:
Canon 17-40mm
Stativ
Remote release
Vill Gedold

Fir anzesetzen: [pg_img=14300]
Kommentar vum Fotograf:
Eng "Postcard" Plaatz am Arches National Park - ech dënken et sin selten esou wéineg Leit do uewen wéi deen Daag; well et huet absolut net ausgesin wéi wann d'Sonn nach emol gif erauskommen owes, an dun huet se et awer gemeet. :)
Johny 31.01.2007 - 20:17
Et ass immens wéi dei Stäng déi Faarw sou schéin eremginn. Immens gutt agefaang hei, an jo weis de selwer soos dann matt villd Gedold, daat war wuel Chance matt der Sonn smile Zu Teneriffa haat ech dei Chance nie, owes wann d'Luucht ugefaang huet interessant ze gin waren Wolléken um Horizont déi déi Luucht net wollten durchloossen.
CK 31.01.2007 - 20:26
Hei an Europe haat ech och selten déi Chance - wann ech sou kucken huet een hei zu Lëtzebuerg esou eng Luucht vlaicht eng Handvoll Kéieren d'Joër, wann iwwerhaapt.

Hei war den Firdeel dass tëschent der schmueler Streif iwert dem Horizont (wou d'Sonn war) an den Fielsen vun der Foto naischt am Wee war - also weder Wollécken nach aner Fielsen/Beem/etc. Och daat huet een éichter selten an eisen Géigenden.
Johny 01.02.2007 - 00:14
Jo, wann iwwerhaapt, do hues de (leider) Recht.

Zu enger gudder Foto gehéiert eben och heinsto Chance, daat ass esou smile
CK 01.02.2007 - 03:01
"f/8 and be there"
Kwitchibo 31.01.2007 - 20:20
waat as den Fleck dann uewen an der mett??
de recht as ganz okay closed_eye
CK 31.01.2007 - 20:22
Ech hätt mer d'Foto nach emol sollen ukucken firum Roplueden... unhappy

Ass (war) en Stëtonguepsfleck um Sensor.
Kwitchibo 31.01.2007 - 20:48
Sorry Ck hun deen leider direkt gesin... daat kent och deenen BESCHTEN FIR smile
CK 31.01.2007 - 21:00
Jo, mengen ech kann mech elo quasi offiziell als "Blann" katégoriséieren. smile
Kwitchibo 31.01.2007 - 21:04
LOL smile
Charly 02.02.2007 - 11:14
Super Bild! Leider wor ech nët bei deen do komm wéi ech am Arches wor. Hun en just emol kuerz vu wäitem gesin. Dobäi froën ech mech wéis Du all déi Touristen aus dem Bild kritt hues déi sech all Owend do versammelen ... Och wor nämlech an der selwechter Woch do.
CK 02.02.2007 - 16:48
Ech haat Chance - wéi ech eropgaang sin, huet et béis no Reen ausgesin, an et war eiskaal. Vill Touristen (woubei ech jo eigentlech och een sin smile hun do mengen ech un hieren warem Hotel geduecht an sech gesoot "f*** it".

An den circa 2 Stonnen wou ech do uewen war hun ech vlaicht 10 Leit gesin, dofun waren der just 3 fir den Sonnenënnergang selwer do, déi aner hun alleguer schon firdrun opgin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

downwards

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 356 Gäscht online