Kommentar vum Fotograf:
Ech weess net genee waat ech vun der hei Foto haalen soll. Wi ech d'Stross eroof gefuer sin huet et relativ spektakulär ausgesin wéi den Sand vum Wand iwert d'Stross gepeitscht gin ass, an engem Stuerm deen sou zimmlech alles iwwertraff huet daat ech bis dohin erlieft hun. Mee wann ech d'Foto sou kucken dann ass zwar trotzdem eppes verluer gaang - et ass halt just eng Kopie vun enger Impressioun. Mee anererseits, leiwer eng mëttelméisseg Foto wéi guer keng. :)
PS.: Ech sin gleichzeiteg gefuer an hun photographéiert. W.e.g. net nomaachen op Strossen wou aner Leit ennerwee sin. :)