Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Desert Storm

 
Desert Storm
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.03.2006
  • Gekuckt:
    18194
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    3
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    39 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    81 KB
  • Originaldatum:
    07/Mar/2006
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=4637]
Kommentar vum Fotograf:
Sandstuerem an Reebou am Death Valley, e puer Minuten virum Sonnenennergang.
Nicon07 20.03.2006 - 22:39
Jiddereen as iwerwältegt vun S.F., datt di heite Foto ignoréiert get, schingt et. An dobäi huet déi och ee Luef verdingt. Si as lo villäicht net di bescht aus denge Landschaften, mais si huet awer och eppes Unzeihendes. Gudde Kadrage, spektakuläre Sujet, riichten Horizont a scharf. D'Verhältnis 4:13,5 Budem : Himmel (um écran nogemooss mam Lineal) kennt no un 1/3 : 2/3 run, den diagonal opsteigende Fiels rechts materialiséiert den diffuse Sandsturm an de Reebou kennt aus der Mett vum Bild erof fir bei 4:5 de Buedem ze beréieren. 16 cm vu lénks : 20 cm an der ganzer Breed. An dann d'Liicht as genial.
CK 20.03.2006 - 22:50
Jo, ech war och erstaunt iwert d'Repartitioun vun den Kommentaren, ech hun fonnt deen Sandstuerm hei war wierklech spektakulär - mee vlaicht ass daat eng Saach vun Impressioun, dH. ech fannen d'Foto super well ech matzen dran war an der Szene an ech vill méi mat der Foto assoziéieren wéi en deen se just kuckt.

Waat d'Kompositioun ugeht, sou versichen ech oft mech un Fauschtregelen ze haalen, an mengen et ass mettlerweil en Automatismus gin - bei der hei Foto hun ech mer net vill Gedanken missten machen wéi ech se wellt, just versicht riicht am Wand stoën ze bleiwen an op den Ausléiser ze drécken. smile An deem Senn ass et wuel d'nämmlecht wi fréier am Sport: wann ee bis genuch Technik trainéiert huet dann geht et herno bei der Kompetitioun ouni grouss nozedenken...
Nicon07 21.03.2006 - 13:46
Dat as souwisou emmer de Problem vun de Fotografen. Si selwer fannen hir Biller emmer immens gud, well jo nach eng perséinléch Dimensioun matschwengt, déi de Betruëchter virum écran oder dem Hochglanzband net huet. Wann een di heite Foto kuckt, da kéint een effektiv mengen, de Sandstuurm wier hannedru gewiescht, an en hätt déch "verschount", wat jo natiirléch Quatsch as. Mais well ech déi Problematik kennen, dofir hun ech jo grad de Kommentär virdru geschriwwen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

downwards

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 367 Gäscht online