eng Foto gefält mir,
oder si gefält mir net
an dat seet guer näischt
iwwert hir Qualitéiten aus.
Dat ass reng subjektiv
an emotional.
Wann se mir gefält,
froën ech mech: firwaat?
Dat Technëscht
erklärt nach laang net Alles.
Duerno froen ech mech:
firwaat huet deen déi eropgelueden ?
An dësem Fall sinn ech siche gaangen:
well Serbesch kann ech keent.
D'Kiischt um Kuch ass
wann een bei enger schéiner Foto
och nach Eppes bäiléiere kann.
Et lount sich d'Méi ze maachen,
well dann versteet een
d'Intentioun(e) besser.
D'Konscht ass also:
wéi stëpelen ech am schéinsten de Fuerwëtz ?