Daat stemmt, awer en Horizont geheiert eigentlich Riicht op enger Photo, et sierf dann et ass entsprechend gut agesaat an gewollt. Des Photo gesäit awer duerch den schiefen Horizont kromm aus...
Wou ass den Horizont?
A wat ass den Horizont?
Bei Mier an Himmel ass keng Diskussioun.
Mais hei ?
Di hennischt plusminus horizontal vun der Wiss ass schief. Awer net vill. Den Horizont ass ob jidde Fall net dei Linn dei iwert d Beem geet. Lenks stinn dei mei heich wi rechts.
Ech kann just soen dass d'Photo mer kromm erschengt, egal op do en Horizont riit ass oder net. Ass keng beis gemengten Kritik, einfach nemmen eng Observatioun.
eieiei...emmer daat Oofrutschen an dPhilosophie...
et muss een keen Horizont hun fier ze wessen op daat waat een gesait riicht as oder nik....klappt mat ERSTAUNLECH fillen Motiver wou een su direkt mol guerkeen Unhaltspunkt huet...
Ech hun deng Remarque secher net beis opgeholl.
Ech hun trotzdem emmer nach keng Aentwert op meng Fro(en).
Wann eng Foto net riicht soll sin, da muss een sech awer froen -par rapport- zu Waat.
Zum Horizont, selbstverstaendlich.
An da si mir rem do wou mir ugefaang hun: bei menge Froen.
(Ech hun nach net behaapt dass meng Foto RIICHT wier.)
LOL dann probeieren ech op deng Froen eng Äntwert ze ginn...
Et brauch een keen Horizont fir feststellen op eppes schief ass oder net...
An desem Fall kann een no verschiddenen Linen kucken den den 1. Androck vum schief vermettelen. Ech hun mer d'Photo e puer mol ugekuckt an sie schengt mer manifestement schief. Daat kann gewollt sinn oder net...
Firwaat ass se schif, well en Ongläichgewischt entsteht duerch d'Wiss an der Mett dei riets no ennen verleeft.
Geifs de daat riit machen sinn ech mer net secher op d'Photo riit erschengt well dann d'Blummen am Virgrond "schiif" stinn. Also misst de dann ennen e bessen ofschneiden vir dass daat net opfällt.
Och ass d'Mass vun den Objeen um Bild onregelmässeg verdeelt, waat´s du och gesoot hues, d'Beem lenks sinn mei heisch, e weideren Fakteur deen d'schiifheet vermettelt..
Schlussendlech sinn och nach d'Wolleken dei vun lenks uewen no riets ennen verlaafen dei deen Androck verstärken.
Et ginn also vill Elementer dei engem kennen vermettelen op daat wat mer am 2D gesinn riit oder schiff ass, och ouni Horizont...
Dat do gefaellt mer, Ochinawa. Dat mat der Wiss hat ech probéiert, an dun huet se nach méi schief ausgesin. Si ass secher nët "gewollt" schief geknipst gin, mais si ass awer gewollt esou eropgeluede gin.
En decke Merci fir deng Méi.