Ohh .. ech hunn och eng Zäitchen missen spueren fir dat do ..mais am Endeffekt gët ët schlëmmeres fir seng Suen auszeginn.. mir deet ët nët leet wëll d'Quali ass einfach herrlech
Genau deen Moment wei ech den Peter wollt knipsen huet ett ugefaang ze schneien.
Hues Du Gitteren ewechgeshopt oder kennst Du eng Plaatz wou een besser gesait? Op alle Fall eng Mega Foto.
Déi do ass vun den Mëtteg, wëll gëschter woar beim Peter schon keng Luucht méi .. ech stung als Baam am Gehege
Am echt, déi do ass vun der Säit virum Tiermchen .. ech probéieren mech ëmer sou ze stellen dass de den Droht nët gesäiss an besonneg bei hinnen do ass dat immens schwéier
Jo, den do ass och absolut "de Wollef" .. seng Ausstrahlung, den starken awer trotzdem woarmen Bléck.. ën ass awer och leider deen, den ëmmer am schweieresten ass ze knippsen wëll ënn ëmmer no laanscht den Droht leeft an ëmmer weineg Luucht an dat Gehege fällt
déi ass schéin geroden,
mir waren geschter do, mee hun awer keng wirklech schéin Opnahmen kritt, heen war am gang d'Eis um Wasserbuer matt den vischten Patten futti ze drecken, ass emmer em vir drop gesprong bis et duerchgebrach ass, ganz clever, heen ass wirklech emmer ganz no beim Droot, leider
Ech woar och gëschter do .. déi Biller hunn ginn schoech sou géint 16:00 gemach .. et muss een ob Zack sinn fir ënn ouni Droht ze erwëschen, ech ginn öfters dohinn an sou lues kréien ech ee bëssen Uebung
Ech war elo eng Zäit laang net méi d'Fotoen um Site kucken.
Deng Fotoe vun de Wëllef sinn einfach herrlech, schéi cadréiert, schéi schaarf, et kann een all Hoer eenzel zielen , woubäi déi Foto vum Peter mir am beschte gefält. Vun dënnen 4 wannen ech de Peter am schéinsten.