scoty
Jungspund
Dabei seit: 28.10.2005
Beiträge: 16
|
|
firwaa eigentlech
ass eppes schlemmes un engem plaakechen kiirper? verstinn ech net
ech fannen daat beesi aalmoudesch
|
|
07.01.2006 14:04 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
De Site ass haaptsächlech fier jonker geduecht, dodrënner och nach genuch mannerjähreger. An op sou e Site gehéieren keng Aktfotoen.
__________________ 404 - Not found
|
|
07.01.2006 14:14 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Ech fannen och naeicht dogeint, wann et usprechsvoll Fotoen sinn. Daat läit io och alles nach an der Legaliteit, weini et Pornografie ass, waert io a Gesetzestexter festgehaalen sinn. Et solle io keng Speckbiller mee Konscht sinn.
|
|
07.01.2006 16:31 |
|
|
RivanerJoe
Foren As
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77
|
|
Johny, weis mol denenen aneren Admin'en déi Foto déi ech dir gescheckt hat. Deng Bedenken zum Schutz vun der Jugend sin zwar éierenhaft, mee villäicht sin se ze streng.
|
|
07.01.2006 17:42 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Engerseits huet den RJ recht aanererseits och den John...menger meenung no kann een daat doten schloecht leisen dat jiddereen frou as...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
07.01.2006 20:07 |
|
|
RivanerJoe
Foren As
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77
|
|
De Johny huet op alle Fall recht, dass an dem Beräich vun der Fotografie d'Critèren méi streng mussen sin, wéi bei denen anerern Katégorien. Et muss emmer, ganz eendäitesch déi schéigeschteg Konscht ze erkennen sin an op guer kee Fall Zweedeitegkeeten.
Ech kéint mir virstellen, das sou Fotoen missten vun 2 oder méi Adminen validéiert gin, och fir déi User, déi bei normalen Fotoen keng Validatioun brauchen.
Ech géing et awer schued fannen, wann photogen.lu dëser Kinneksklass vun der Fotografie ganz wéilt de Reck dréinen.
|
|
07.01.2006 22:29 |
|
|
scoty
Jungspund
Dabei seit: 28.10.2005
Beiträge: 16
Themenstarter
|
|
den iwergang vun Akt zur erotik oder pornografescher Fotografie ass leider zimlech fleissend
mee et keint een sech awer eng Grenz setzen
firunn honnert Joer waren d Leit schockeiert wann se Brescht gesinn hunn, lo Haut kann een daat mettes op der Tele gesin, dofir mengen ech daat een kengem op d Feiss treppelt wann een mool bessi eppes gewootes weist
|
|
08.01.2006 12:08 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
JO... also sorry... mee et gesait een schon brescht, an intim biller vun männlein an weiblein souguer schon bei GALILEO!?!?!^^
An ech sin mer secher dat hai mannerjäereg daat alles schon gesin hun.... Daat ass eppes alldeegleches...
Ech froen mech fierwaat daat nach emmer sou verschloss muss sin... mir sin doomat opgewues, wei dat den kierper eppes misterieuses ass, mir mussen mol bessen mei op sin...
|
|
08.01.2006 13:04 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
*hust* *hust*
Stemmt... also ech fannen dem nora seng idi wierklech gudd... mat engem passwuert. Et stellt een eng akt foto op die eischt sait wann se reicht aktualiseiert gouf, mee et gesait een se net. Wan een droip klickt get een dann noo engem passwuert gefroot, daat een daan par demande kritt. Adminen kennen dann emmer nach auswielen ween dei foto ugucken kann...
|
|
08.01.2006 14:36 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Eierlech gesoot wees ech och nët richteg, ob sou en Beräich iwerhaapt en Wärt huet. Well wen mëcht hei schonn sou Fotoen? 2, wann et gudd geet 3 Leit. Äußerdem, wärten hei ganz weinech Fotoen sou iwerhaapt drop kommen och wa mer sou eng Kategorie hätten, vu dass et schwéier ass, wirklech gudd Aktfotoen ze maachen, well do muss einfach alles stëmmen, d'Motiv, d'Luucht (extrem wichteg), Prspektive, Kadrage, einfach alles. Bei aanere Fotoen kann een nach soen OK hei an do kinnt besser sin, bei Aktfotoen ass daat nët de Fall, wann eppes vun all dene Saachen net passt, passt näicht. Dofir denken ech och nët wirklech dass et e Wärt huet sou eppes ze maachen. Op jiddefall elo nach nët, mee domat ass nët gesoot dass ech et sech iergent wann wärt lounen iwerhaapt.
__________________ 404 - Not found
|
|
08.01.2006 14:37 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
jo jo.. daat as en Thema waert
also ech fannen ett eierlech gesoot och schweier do eng gudd Leisung ze fannen. Dem Nora seng Idee fannen ech unsech super... Alterscheck an da go..,)
De Problem dee blaiwt as: waat soll een als Nu klasseieren, a waat net??
Wann ech dem Ritch seng 2 Photoe kucken, da fannen ech dei mei provokant wei eng photo vun enger plakejer Broscht...
Also Porn geheiert jo eh net heihin an do mus ee jo net vill wesse fier ze wesse, waat ennert dei Kategorie fellt... sabbel sabbel...
Mee as eng Photo wou een e bessi Haut gesait direkt en Nue?
perseinlech fannen ech, datt dei Photoen zenseiert (oder an den Adultcheck gesaat gi sollte, so mer mol) wou ee genital Deeler oder Brescht gesait oder ugedeit kritt, sief ett duech flou...
Mee wei gesoot... t ass net einfach ze soe waat lo zevill as, a waat net... do huet jo jiddereen seng perseinlech Grenzen...(oder och net...hehe..)...
Also ech hun der och e Koup hei heem, mee ech hun se bis elo net drop ge saat well ett och fier dei oofgebilte Persoun net sou favorabel as, sech bemool am Net ze gesin... An eierlech gesoot, ech sin och der Meenung datt graad haut zwar villes mei offen ass, mee datt ebe graad (wei scho gesoot) d Grenzen emmer mei verschwammen, an ech konnt eierlech gesoot net soen op meng Photoe lo schon zevill provo waren oder net. Dofier hun ech se mol net gepost diemols...
Mee Jhonny... nee lo sin ett der 5.. hehe...
A propos: d steet iwwerall dobai :ouni Averstaendniss vun der Persoun keng Publikatioun am Net... Wei gett daat dann iwwerhaapt gecheckt?? Doru misst een och mol denken... Mech huet nach nie een eppes gefroot. (bon, leeft anscheinend op Vertrauensbasis waat jo och ok as bei de meschte Photoen, mee bei Nues..hmmm.. naja... get scho mi kriddelesch...)
Mee en Check ze maan waer u sech di bescht Leisung...
gruebel gruebel.....
|
|
09.01.2006 11:20 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Wei gesaeit et dann iwwerhaapt mam Alter aus? 16? Oder ass alles nemmen FSK, also fräiwelleg Selbstkontroll, dei vun der Filmwirtschaft an d'Liewen geruff ginn ass?
|
|
09.01.2006 12:43 |
|
|
RivanerJoe
Foren As
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77
|
|
Sou als Virschlag fir unzekommen:
Johny, sammel mol einfach d'Fotoen déi s du vun eis kriss fir an d'Catégorie "Akt an Teilakt" ouni dass d'Fotoen direkt gepost gin. Dann kucks du an déi aner Adminen iech d'Fotoen un. Ech huelen un, dass et méi einfach as op Grond vun denen Beispiller ee Regelwierk an d'Liewen ze ruffen.
Mat Adultcheck a.s.w. hun ech zwar kee Problem, mee dat kaascht Geld an ech wees net op do een héischen techenschen Opwand ze bedreiwen as. Op rtl.lu gesäit een och vill Haut.
Photgen.lu muss sech selwer eng Qualitéitskontroll gin, mee mir mussen net méi helleg sin wéi de Popst.
|
|
09.01.2006 13:14 |
|
|
CANON
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 145
Herkunft: Rëmeleng
|
|
Bei RTL.LU muss du jo och dohinn klikken vier se ze gesinn , einfach esou kens de nett dohinn .....
__________________
Deen e Schreif Feeler Frënd kann e behalen
|
|
11.01.2006 17:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Canon: Sulues geet et mer op d'Nerven dass de nët an normal grousser Schrëft schreiwe kanns. Déi nächst Posts sou vun dir editeieren ech dass se normal Schrëft hun!
An direkt op der Index vun RTL gët schonn déck Reklamm derfier gemaach, emmer.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.01.2006 21:33 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
Jap, op der Startsait ass direkt eng Foto wous de drop klicken kanns an an déi Gallerie kenns.
|
|
11.01.2006 23:11 |
|
|
Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
spannend thema! an et woar nemmen eng fro vun der zäit, bis et opkënnt! awer et ass net einfach, an ech gin zou, dass ech 't situatioun wéi se am moment ass net bedaueren! ech hun mech (NACH) net an den akt gewot. mee wann ech méng éicht biller hun, an kritik wëll, dann hun ech kee problem, se enzwousch anecht ze stellen wéi hei! ech si frou, dass de site esou ass wéi en ass! et ass vill schrott, a vill gäiles drop. an ech gesin, dass sech alles entwéckelt, an dass mer an kuerzer zäit eng mega-community sin! an iergendwann wäer den drang zum akt esou grouss sin, dass en fläit awer gemach gëtt! mee am moment gesin ech kee problem!
__________________
|
|
14.01.2006 00:16 |
|
|
|