gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Nee nee, ech gin net bestued
Mee ech fotograféieren en Samgden fir d'éischt Kéier eng Hochzäit. Am Fotojournalismus hun ech jo well méng Erfahrungen gesammelt, mee ech wollt emol froen op wat ech muss oppassen, wann ech an der Kierch während der eigentlecher Hochzäit fotograféieren? Iergendwelch ongeschriwwen Gesetzer vun denen ech nach näischt héieren hun? Iergendwelch Platzen wou ech absolut näischt verluer hun?
An dann wollt ech nach ganz frech froen ob iergend een mer kéint en Ersatz-Body léinen. Also iergend eng DSLR vun Canon. 't wier jo blöd wann mäin Apparat grad op der Koppel hierem wichtegsten Dag den Geescht opget. Ech géif mech natierlech och revanchéieren.
__________________ www.gloda.net
|
|
15.06.2007 13:49 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
wedding-photo-tips-for-amateurs
dat kéint dier hellefen
Wat d'Kiech betrefft gefällt dat heite mier am Beschten:
First of all BE QUIET! Secondly NO FLASH!
|
|
15.06.2007 15:45 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
No flash?? Ech hun meng zwr na all mat Bletz gemeet...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
15.06.2007 16:21 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von gloda
Nee nee, ech gin net bestued
Mee ech fotograféieren en Samgden fir d'éischt Kéier eng Hochzäit. Am Fotojournalismus hun ech jo well méng Erfahrungen gesammelt, mee ech wollt emol froen op wat ech muss oppassen, wann ech an der Kierch während der eigentlecher Hochzäit fotograféieren? Iergendwelch ongeschriwwen Gesetzer vun denen ech nach näischt héieren hun? Iergendwelch Platzen wou ech absolut näischt verluer hun?
An dann wollt ech nach ganz frech froen ob iergend een mer kéint en Ersatz-Body léinen. Also iergend eng DSLR vun Canon. 't wier jo blöd wann mäin Apparat grad op der Koppel hierem wichtegsten Dag den Geescht opget. Ech géif mech natierlech och revanchéieren. |
Blëtz oder nët, daat kënnt op d'Liicht an der Kierch un !!
virdrun onbedengt mam Paschtouer schwätzen, sou wei den maggel soot.
dann, mat der Koppel laang genuch am viraus alles, awer wierklech alles en détail ofmaachen, weini waat wou geschitt, dass du dëch un den Plang kanns haalen,
dat sie dir genuch Zeit gin, dëch vun do no do ze bewegen
kënnt och drop un, weivill leit op enger Hochzeit sin, vleicht as ët nët schlecht, en 2. ten Mann derbei ze hun, dh. déen éen vir an der Kierch an déen aaneren hanne, resp. och um Ducksall
am Fong kënnt ët drop un, wat d'Brautkoppel vun dir - verlaangt -
Ech hun lo eng , mat ca. 100 Leit, do hätten sie gären souvill verschidden Saachen, dat mir zu 2 !! éen ganzen Daag lang genuch ze dinn hun !!! (bis in die Puppen ;-)) .. )
Schong undoën, dei kéen Kameidi maachen
Genug Akkus, fir all Aparater !!
souweisou, onbedenkt en 2. ten Boddy !!!
Liechtstark Objektiver , ganz wichteg, vun mir aus
1 Zoom , sou 24-70 2.8 (op Vollformat )
an en 50 Fest op Crop !! fir dei kleng Detailer :-)
genug Speicherkaarten - kennen Leit, dei maachen op enger Hochzeit sou ronnn 1.500 Fotoën !!
onbedengt den Gäscht matdéelen (loossen), dat éen - offiziellen - Fotograf do as, nët dat éen dir - am allerwichstegsten - Moment zB. bei der - Ringübergabe - voll dranblëtzt !!!
asw asw...................
an, ganz wichteg.......... ALLES AM RAW !!!
AN
- COOL BLEIWEN - !!!
bonne chance, ëch sin iwwerzégt, du mëchs daat !!
|
|
16.06.2007 12:29 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
Vu dass ech jo vun der Technik dir bestëmmt keng Rootschléi kann gin, an daat hun jo aanerer schon hei gemach ... gin ech dann méi op den Sujet an ...
wichteg ass ët och : ...
° een ze hun deen op "Détailler" oppasst ... zemols fir Portrait'en, mee och fir aaner Saachen ... z.B.
Voile deen nët gutt sëtzt,
Hoer am Gesiicht,
Tusch déi verlaaf ass,
Jupon deen een ënnert dem Rack gesäit, ...
fannen ech ... an daat kënnt aus eegen (schlecht) Erfahrungen
bon OK ... PS ass och nach do ... mee trotzdem ..
° an dann och ganz wichteg ...
och vill "Spontan"opnahmen nët vergiessen ... nët nëmmen déi üblech Klassiker Posebiller ...
° an huel dir Zäit !!!...
normalerweis wann d'Koppel Wert op flott Fotoen leet, dann versteet se daat och ... (ech schwätzen elo vun Fotoen déi nët bei der kierchlecher Zeremonie geholl gin, do kanns du den Paschtouer jo nët ophaalen ...
... )
° an ... wéi den Knolles schon soot ... daat ganzt matt der Koppel am viraus beschwätzen ... klengt logesch an evident, ass awer nët ëmmer den Fall
Voilà ... vum "och-schon-emol-eng Braut-gewiecht"-JADE ...
ech machen mir awer nët zevill Suergen ëm däin "Job" ...
PS: ech fannen "close-ups" an "speziell" Perspektiven immens ... mee daat sin ech ...
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von JADE am 16.06.2007 13:29.
|
|
16.06.2007 13:10 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech wees zwar net ob de Gilles daat lo nach liest eiert en dohi geet, mee ech haat gescht nach mei speit immens flott Hochzäitsfotoen an engem Forum fonnt wou ech vill liesen:
http://www.dslr-forum.de/showthread.php?t=197570
__________________ 404 - Not found
|
|
16.06.2007 13:40 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Ech wees zwar net ob de Gilles daat lo nach liest eiert en dohi geet, mee ech haat gescht nach mei speit immens flott Hochzäitsfotoen an engem Forum fonnt wou ech vill liesen:
http://www.dslr-forum.de/showthread.php?t=197570 |
an daat as genau daat, wat d'Jade gemengt huet.
Daat schloën ëch den Koppelen och ëmmer vir,
zB. mat bei den Bijoutier
mat bei den Coiffeur
mat, wann d'Braut an , nat. och den Mossiö, ugedoën gët
asw asw
dovir fannen ëch en 2. ten Mann immens wichteg, wëll, ët gët immens viell Detailer.
Ech geif mëch eigentlech ëmmer am leiwsten nëmmen ëm dei këmmeren ;-))
virun allem éent
Organisatioun , awer richteg !!!!!
soss kann éen mol sou richteg iwwerascht gin, awer negativ.
hun dei Déeg nach mat enger Koppel (eigentlech sin et bal ëmmer nëmmen dei zukünfteg Fraën, dei sëch drem këmmeren ?? ) geschwaat, dei an 2 Wochen bestued gin............ ech sin lo ca. 2-3 Meint hannert hinnen............ ëmmer dei Äntwert..........ooooooooch, mir wëllen - nëmmen ganz einfach Fotoën -
Hahaha, sehr witzig !!! :-(
wei ëch hinnen dunn gesoot hun, wourop ët alles ukënnt, dun sin sie bal aus den
Wolleken gefladdert ???? :-((
sou, en scheinen Weekend @ll zesummen !!!!
|
|
16.06.2007 15:47 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
oooh jooo ...
den "making of" , d'Kulissen vun deem Daag ... daat ass oft daat bescht (fir d' Fotoen) ...
dofir brauch een ... een Fotograf fir "virun" der Kuliss an een fir "hannert" der Kuliss ...
an eng Assistentin ...- in, -in,- in !!!...
denken ech emol ... hun daat nach nie mattgemach ...
|
|
16.06.2007 19:18 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von JADE
oooh jooo ...
den "making of" , d'Kulissen vun deem Daag ... daat ass oft daat bescht (fir d' Fotoen) ...
dofir brauch een ... een Fotograf fir "virun" der Kuliss an een fir "hannert" der Kuliss ...
an eng Assistentin ...- in, -in,- in !!!...
denken ech emol ... hun daat nach nie mattgemach ...
|
ma gudd dann,
ëch schecken dir dann mol verschidden Datumen,
kann mir dëch als Assistentin - ganz gudd - virstellen :-))
merci fir dei gudd Idee !!
|
|
16.06.2007 23:50 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Oy, hei as et jo am Thread ronn gang, nodeems ech mech op den Wee gemach hun. Bon, kuerz gesot, et as gudd gang, ech deelen ierch dann muer méng Erfahrungen mat. Elo get d'éischt emol alles duebel op DVD gebrannt an op den externen Hard Disc kopéiert. 'Für den Fall der Fälle' as mengen ech kee schlecht Stëchwuert fir Hochzäiten.
__________________ www.gloda.net
|
|
17.06.2007 00:33 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Weivill sinn et dann lo ginn, hues de d'Kaart(en) gebräucht?
__________________ 404 - Not found
|
|
17.06.2007 04:31 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Nee, ech hat d'Kaarten déis de mer geléint haas (merci nach emol) net méi gebraucht, awer nëmmen well ech keng Fotoen vun der Feier dono gemach hun. Ech mengen sou 600 Fotoen fir d'Mass an den Shooting mat der Koppel dono. Sou... lo machen ech mech dann op den Wee op eng Gëllen Hochzäit, vläit brauch ech se jo do.
__________________ www.gloda.net
|
|
17.06.2007 09:34 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Sou dir léif Leit, ech hun gewaart bis d'Fotoen fäerdeg waren iert ech schreiwen wat ech sou geléiert hun.
Slideshow kucken.
Ech schreiwen dann elo emol e puer vun méngen Erfahrungen, verschiddenes fënnt een ëmmer erëm, aner Saachen hat ech virdrun nach net esou als Tipp gelies.
1. Also fir d'éischt emol: dräifach checken ob alles do as. Ech hat mäin Reflekter vergiess, gottseidank konnt nach een mer en laanschtbréngen. Sëcher goen dass all d'Kaarten formatéiert sin, all all d'Batterien opgelueden sin. Hues de genuch Batterien? Gudd, pak der nach e puer dobäi.
2. Sidd matzäit do, kuckt ierch nach emol alles un. Am beschten soll een natierlech d'Kierch an sou schon virdrun gesin hun, mee wéi ech do war vir all d'Locations ze checken war d'Kiirch zougespaart. Huelt ierch och eppes ze drénken mat, ech wor séier eng Cola drénken an wéi ech zréck wor war den Auto schon do.
3. En Assistent as génial ze hun. En Kolleeg vun mir, den Alain, huet mäin Rucksak gedroen an den Reflekter ugehal an mer d'Objektiver gereescht. Onverzichtbar.
4. D'Lightsphere huet mech an der Kiirch gerett. Miserabel Luucht, ouni Blëtz wär et zimmlech ellen gin. D'Lightsphere suergt alt derfier dass den Blëtz net riicht drop knallt, mee en bëssen vun iwwerall erëmkënnt.
5. Fir d'Hären: En Paltong as praktesch fir kuerzfristeg Objektiver ze verstauen. Munchmol muss et séier goen, an d'Täschen sin grad grouss genuch.
6. Loosst ierch awer net vun den Kleeder ofhalen är Fotoen ze maachen. Fir déi lescht an der Slideshow hun ech mech den laangen Wee op den Buedem geluecht.
7. Wann Kanner dobäi sin, huelt eppes mat fir se ze beschäftegen. Ech hat guer näischt, an den Jong huet sech gelangweilt, dann as et net sou einfach d'Elteren ze fotograféieren. Nach manner wann en wëll mam Blëtz spillen. Ech denken déi Saachen wou een Nationalfeierdag an der Stat kritt wieren ideal, déi an allen Faarwen blénken. Oder, en Wegwerf Fotoapparat. 't as dach bestëmmt flott fir déi Kleng wann se och Fotoen maachen dierfen.
Sou, wann mer nach eppes bäifällt setzen ech et dobäi.
__________________ www.gloda.net
|
|
02.07.2007 22:34 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
Lo muss ech einfach schreiwen waat ech denken:
Wow, wierklech wonnerschéin Fotoen an denger Slideshow! Tiptop :-)
War daat en Lidd während der Slideshow vum Michael Bublé?
|
|
03.07.2007 14:12 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
super gloda!
__________________
|
|
03.07.2007 19:31 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
@Gloda: HUMMER!
Äusserdeem fannen ech deng iddi fir su eng "review-tipplescht" ze maachen gudd!
|
|
04.07.2007 16:51 |
|
|
|