Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Islännesch Kreativitéit

 
Islännesch Kreativitéit
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.04.2022
  • Gekuckt:
    18090
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    8.38 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x999
  • Späicherplaz:
    1257 KB
  • Originaldatum:
    2021:09:04 15:06:53
  • Fotoapparat:
    FC3411
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91970]
Kommentar vum Fotograf:
Endlech ass de Site erëm online :D An zur "Feier des Tages" lueden ech dofir mol rem eng Foto rop, dës Kéier eng Dronefoto déi ech am September an Island gemaach hunn.
marker 21.04.2022 - 23:05
Intressante Sujet mat just wéineg Elementer, abstrakt duergestallt, an dat gefällt mir!
Johny 22.04.2022 - 09:05
Merci smile
Nicon07 22.04.2022 - 08:01
Vu datt et elo ëmmer méi "in" gëtt, di Landschaftsstrukturen, déi ee fréier just aus engem Ballon oder enger Cessna o.ä. konnt fotograféieren, mat Drohnen festzehalen, sin di éischt ëmmer méi vir, an et muss ee scho siche, fir originell ze bleiwen. An awer ass et ëmmer neess impressionnant, wann ee sou Opname gesäit, déi ouni repère, keng Gréisstenuerdnung erméigléchen. An da gesäit een op en Neits, datt eis Welt "fraktal" opgbaut ass, an séch di verschidde Strukturen an deene verschiddene Gréisstenuerdnungen widderhuelen. An dann ass et och egal, wéi eng matière do an d'Spill kënnt: Äis, Wolleken, Fasere vu Kotténg, alles gläicht séch. An da gëllt et just nach, een Ausschnëtt ze fanne, deen pregnant ass. Sou wi hei.

Gutt geschafft, Johny!

An ech freeë méch mat dir, an eis aalen (a manner aalen) Photogenhuesen, datt däi Baby neess reaniméiert gin ass! smile
Johny 22.04.2022 - 09:04
Ech war scho laang faszineiert vun esou abstrakten Opnamen, aus genee deene Grenn weis du och erwaehns: et huet ee keng Referenz fir iergendwei eng Greisstenuerdnung ze hunn, et versteet een heinsto knapp wat een iwwerhaapt do gesait grad. Dofir stung dat heite ganz heich op menger Todo fir selwer ze probeieren.

Hei hunn ech eng "landschafts-vue" gemaach gehat mat och deene Musteren am Virgrond, dei engem weinstens bessen eng Greisstenuerdnung ginn: https://drive.google.com/file/d/1fb_6XQlNr11kzeXPs...
Nicon07 22.04.2022 - 10:04
Kenns du dat hei?

https://www.fotocommunity.de/fotograf/raymond-hoff...

Do fënns du ganz vill schéi Fotoe vun Island.
Johny 22.04.2022 - 12:06
Jo natirlech kennen ech heen closed_eye Et kënnt een net laanscht Leit wéi hien oder de Stefan Forster wann ee sech fir Island interesséiert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 337 Gäscht online