Salinen ze fotograféieren si scho mat engem gewëssenen Usproch verbonnen, vu dat een do net ka ronderëm lafen wéi ee well, an et esou gesinn net evident ass fir een optimale Kamerastandpunkt ze fannen.
Mir gefällt och datt's du Aarbechtsgeschir hei mat agebonnen hues, an d'Schubkar praktesch am gëllene Schnëtt am Bild plazéiert ass.
E klenge Bemol ass allerdings déi schif Ofgrenzung wou net parallel zur ënneschter Kannt verleeft, an als Propose hun ech mir emol erlabt eng liicht Korrektur un dengem Bild ze vollzéien, ... fir mäi Goût passt dat besser an d'Bild wierkt méi stëmmeg.
Gudd, datt een zu méi muss si, fir alles ze gesin! Effektiv ass déng Versioun méi stëmmeg! Komesch just, datt ech do nët selwer drop komm sin, wou ech dach soss sou eete pedeete si, wat de Bildopbau ugeet. Mais bon! Et kann een nët ëmmer gewannen... Merci fir déng Opmierksamkeet!