Kommentar vum Fotograf:
Dem Kristov sein Monte Paterno huet mech bewegt dëst Panorama aus 7 Eenzelbiller ze weisen.
Den Monte Paterno ass hei ganz riets am Bild.
Dës Landschaft ass impressionant an zugleich kaotesch, total iwerlueden mat Informatiounen an et wees et net méi waat e kucken soll.
Fir dem entgéint ze kommen hunn ech versicht Alles op daat Weesentlechst ze reduzéieren, domat déi blo Téin eraus geholl, esou dass just brong, roud a gro Téin vun de Steng iwreg bleiwen. Lënks kéint e nach schneiden, mee wollt et mol sou weisen.
Déi wou Schwindelfrei sinn, sollen roueg op Foto klicken :-)