Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
Ëm wat geet et op Photogen.lu?

Ponte Dom Luís I

Ponte Dom Luís I
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2017
  • Gekuckt:
    679
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    25/1 sec
  • Blend:
    f/18
  • Brennwäit:
    34 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1250x833
  • Späicherplaz:
    1285 KB
  • Originaldatum:
    2017:06:06 22:36:24
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 24-70 mm / 2,8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=88695]
Kommentar vum Fotograf:
Dat ass déi berühmt Bréck 'Ponte Dom Luís I', déi zu Porto iwwer de Floss Douro geet. Si huet 2 Ebenen: ënnen fir Auto a Foussgänger an uewen fir Metro a Foussgänger. Den Ingénieur Théophile Seyrig, deen och vill mam Gustave Eiffel (Eiffeltuurm) zesummegeschafft huet, huet d'Pläng an d'Konzept vun der Bréck gemaacht. Jo et gesäit een an den Detailler, datt hien e Schüler vum Eiffel war.
Fuuss 08.10.2017 - 15:58
Herrlech Owesopnahm mat flottem Foarwverlaaf om Horizont an déenen onzéelige kléene Stären om éewischten Déel voan der Bréck!
Jean-Jos 09.10.2017 - 21:42
Merci Fuuss!
Genau, fir aus de Liichtercher Stären ze machen, hat ech d'Blend nëmmen ganz kleng opgemach.
Bob76 08.10.2017 - 18:36
Genial Nuetsopnahm.
Jean-Jos 09.10.2017 - 21:42
THX Bob!
gemu 08.10.2017 - 22:43
Excellent mise en scène, als Kiischt um Kuch di Faarwen um Horizont.
Jean-Jos 09.10.2017 - 21:44
Villmols Merci Georges (2 x), effektiv kontrastéieren déi Faarwen um Horizont flott zu denen anere Faarwen am Bild.
Focus 09.10.2017 - 16:53
Grandiost Bild!
Jean-Jos 09.10.2017 - 21:47
Merci!
Zënter enger Reih Joeren mol nees esou eppes gemacht, de kola hat mech glécklecherweis "matgeschleeft", wéi's de weess bigsmile
Nicon07 09.10.2017 - 17:02
Echt gudd, di doten! Bravo!
Jean-Jos 09.10.2017 - 21:48
Merci Nico, e Kommentar vun dir mécht mir ëmmer Freed. THX fir de Favorit.
Paul-H 09.10.2017 - 17:41
Eng Nuetsfoto sou wéi ech se immens gären hun. Super Jean-Jos !
Jean-Jos 09.10.2017 - 21:48
Villmols Merci Paul!
theom 10.10.2017 - 09:53
Eng ganz gudd Opnahm,gemacht an enger flotter Staadt.
Jean-Jos 11.10.2017 - 11:01
Merci theom, ech si frouh wa se gefällt!
pixelman 10.10.2017 - 14:31
Eng excellent Foto Jean-Paul, do stemmt einfach alles, net nemmen den Wenkel an d'Dynamik ass der gut gerooden, och d'Quali léisst sech weisen.

Schued dass hei net méi esou heichwärteg Fotoen gewisse ginn.
Jean-Jos 11.10.2017 - 11:04
En duebele Merci René!
De Standpunkt ass effektiv wichtég gewiescht hei, et rentéiert sech heiandsdo e bëssen zu Fouss ze goen mam ganze Geschiir.
Focus 16.10.2017 - 11:17
Yes!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Misärsbreck am Hierscht

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Regiro
Am Ganzen: 3649
keen Benotzer an 71 Gäscht online