Mat armséileg gëss de der Intentioun nët ganz gerecht, haha
Bien au contraire, mir huet däi Kommentar Spaass gemacht an ech hun driwwer geschmunzelt, wëll et eng Provokatioun vun dir war, a nach eng Grimmel geschmunzelt hun ech, wéi ech mir duerno déng Galerie ugekuckt hun: ech fannen verschidde kritësch respektiv onverständlech Bemierkungen ganz intressant, wann ee se an en anere Kontext setzt.
Konstruktiv Commentairen schreiws du nämlech nët sonnerlech vill, mee du provozéiers bewosst vun Zäit zu Zäit, ouni selwer eppes hei opzeléen. Däi Kommentar z.B. beim Rabbit sénger Moundfoto war grad esou eng Provokatioun, wéi dee bei ménger Foto. A propos, firwat gehéiert dénger Meenung no main Doudekräitz nët op Photogen? Mir hun eng Rubrik Still, eng Rubrik Menschen an Emotiounen, an an déi 2 passt d Foto zimmlech gutt (méng subjektiv Vue, ech weess) dran.
Dofir wollt ech dech mol provozéieren, fir ze kucken, wéis du domadder ëmgees an ech muss soen, datt ech déng Reaktioun intressant fannen.
Datt näischt méi ass wéi fréiher (paraphrase op e Kommentar vun dir bei enger Foto vum Zora) , huet éischter aner Ursaachen, wéi déi's du opziels, an ass schons oft genuch thematiséiert gin.
Ech selwer hun hei déck iwwer 5000 Commentairen geschriwwen a vill Biller gewisen, an probéiert meeschtens konstruktiv Kommentairen ze schreiwen, wann dat och nët emmer gelongen ass; awer Kommentairen wéi Mega , Gäil, Genial, Schéi Photo, Gutt gesin, déi eigentlech nët vill bréngen, si nët onbedéngt vill méngem Vokabulaire . . . natirlech ass méng Provokatioun hei nët fäin, awer fir mech, war se genau richteg aus den uewegenannte Grënn an déng Reaktioun huet mer dat bestätegt.
Mee, loose mer eis dann emol allen 2 mol nees a Froe stellen, dat soll jo bekanntlech hëllefen.