Kommentar vum Fotograf:
Haut de Mëtteg bei eis am Gaard. Eee Käizchen (Sperber, épervier) hat séch iwwert d'Sangvillercher hiergemaach an huet een erwëscht. Leider konnt ech dat Naturspektakel net besser festhale, well d'Liichtverhältnisser op 500 m iwwert dem Mier hei bei eis miserabel waren an en plus de Jeeër séch mat séngem Affer an deen däischtersten Eck vun eosem Gaard verzun huet, an zu allem Iwwerdross mir och nach deeganzen Zäit de Réck zougedréit huet. Mais sou eng Attractioun huet een net all Daag virun der Lëns an dat wëllt ee jo nawell gären och aaner Leit weisen.