Gratulatioun zu deser flotten Wochenfoto, zu da Foto selwer, gefällt ma ganz gut, an och Idee an Emsetzung sen da super gelongen, an souweit Esh mesh mol erenneren kann, hun Ech och bis Dato keng zweet bis elo esou gesin, dofir en BIG LIKE Jorsch !
Merci ornitho, si frou wann se dir gefält!
Am Fong hat ech guer net dermat gerechent datt des Foto lo Wochefoto gëtt. Net wierklech schaarf, schief an den Himmel bal ausgefriess, do hätt e genuch fir sech drun ze stoussen. Et ass eng Bauch-Foto, keng Kapp-Foto. ( Schued datt dat keng Diskussioun hei ausgeléist huet. )
Mä et freet mech elo besonnesch datt d'Stëmmung vu spontaner Freed déi ech ausdrécke wollt och esou eriwwer kënnt.
Mee et ass heiansdo esou Biller dei am interessantesten sin,dat Bild hei Verkierpert halt all dei Elementer dei et zu eppes Besonnegem machen, an et muss net emmer alles Perfekt sen, Onperfektheet heut och seng schein Saiten
Felicitatioun jorsch!
Weess dass deng Biller ëmmer ganz extra sinn, dofir kucken ech se och ëmmer gären am Detail.
Och dëst Bild huet mer super gefall, mee iergend wéi hunn ech duerch den ierwechten Drëttel net di richteg Harmonie am Bild fonnt...
Merci Abacab, ech freeë mech wanns de der Zäit geholl hues fir d'Bild am Detail ze kucken.
Wéi ech dem ornitho schonns gesot hunn, sinn ech hei iwwert d'FvdW iwwerrascht. Ech wollt och e bësse provozéieren a kucke wat geschriwwe gëtt, wann een e Bild mat esou ville "Regelverstéiss" eroplued. Leider ass do lo net vill passéiert, mee dat ass net schlëmm.
Den Himmel gefält mir am Bild och manner wéi d'Wiss, e war nach méi ausgebrannt an ech hu missen dru schaffen, fir nach e bësse Kontrast dran ze kréien.