Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Range Rover Sport

 
Range Rover Sport
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2012
  • Gekuckt:
    14395
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    62 mm
  • ISO:
    1000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x1325
  • Späicherplaz:
    248 KB
  • Originaldatum:
    2012:02:25 10:38:40
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Unknown: 0
  • Objektiv:
    Nikkor 50mm 1:1.4G
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62260]
Kommentar vum Fotograf:
Bessen vum Wiedder an vum Schnéi profitéiert vir bessen mat der Jeep an den Schnéi ze goen!
Jeanny 26.02.2012 - 07:39
eng herrlech Stëmmung, ganz flott
Jaycee 27.02.2012 - 21:02
"... mat der Jeep an den Schnéi ze goen!" Ech hu geduecht ët wär é Range... closed_eye
kokopelli 27.02.2012 - 21:34
Et as eng Range,ech kennen fläit net vill vun Fotoen awer ebessi eppes vun Autoen.Mir gefällt d´Foto trotzdem
Jaycee 28.02.2012 - 14:28
Sëcher ass ët eng Range, waat mech hei irritéiert ass dass é Markenumm als Substantif fiir all 4rad ugedriwent héicht Vehikel duerhaale muss. Eng Range ass nun emol keng Jeep, grad esou wéinig wéi eng Jeep keng Range Rover ass.
kokopelli 28.02.2012 - 14:31
als alternativ kinnt een se "Hochsitz" nennen
Jaycee 28.02.2012 - 14:39
... gudd Idee... closed_eye
kobsi 28.02.2012 - 16:28
Ech gesinn, hei besteet Klärungsbedarf,
also vir d´eicht sinn ech mol der Meenung, dat mir hei net an engem Autodiskussiounsforum sinn, mee op enger Säit wou een seng Foto´en kann erop lueden, vir een Feedback zur Foto ze kréien an net ze kritiséiren wéi een dat nennt, wat drop ass.
Zweetens, sinn ech als Éislecker Jong op gewuess, an do soen mir vir déi Zort vun Autoen numol "Jeep", wann daat awer lo vir d´Léit een Probleem ass, dann schreiwen ech d´nächst kéier einfach "Jiip" oder vlait "Schiip".

Op alle Fall wollt ech kengen ze no trieden wann ech mäin Auto "Jeep" nennen am Plaatz "Range Rover Sport HSE"!
Ech perséinlech fannen do klengt Jeep oder Jiip oder Schiip an engem Satz besser closed_eye

Hoffen d´Foto gefält trotzdeem.

Bis demnächst
Jaycee 29.02.2012 - 00:20
Als kleng Boxepisserter hu mer déi Zäit och alles waat duerch dëck an dënn konnt fueren Jeep genannt. Just demols war ët dann och méschtens eng Jeep oder en Ur-Landrover. Mais haut huet jo bal all Konstrukteur esou eppes am Programm (esou guer Porsche, igitt closed_eye), an ech hun den Androck ewéi wann se meschtens benotzt gin fir d'Kids an d'Schoul ze féieren...

Zur Foto: Den Himmel ass schéin, daat am Schnéi spillen kënnt iergendwéi nët eriwer. Den Auto ze wäit ewech a just e puer mickreg Schnéiflacken opgewirbelt, daat ass engem esou potenten 4x4 nët gerecht gin. Sorry awer du hues aaner Fotoen hei déi mer däitlech besser gefaalen.

Good night...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 468 Gäscht online