Merci vir äere Feedback, waat vir eng Iech am Beschten gefällt. Fannen déi ge-"urbex"ten Versioun interessant am Verglach mat der "normaler" Versioun. Leider mat ISO 800 gemaach gin, wëll net genuch Zait war.
Still sin mir ob der 2ter zevill satureiert, Gebei gefällt mir awer ob der 2ter am Warmtoun besser. Dei eischt ass mir ze kaal an Still een Tick ze blatzeg.
Ech mengen mir geif am beschten eng "Meschung" zweschend deenen 2 Fotoen gefaalen...
Merci. Nr1 ass bewosst kaal gehaalen bis op den zentralen Punkt mat de Käerzen a Fensteren. Nr2 ass à la base komplett farwstecheg a giel/rout. Net einfach d'Still e bëssen brong ze kréien an d'Krypta "warm" ze kréien. De Panorama ass bewosst op d'Still zentréiert an net op d'Diir déi riets ganz ze gesin ass (an net hallef riets an dovir och erem hallef lénks misst ze gesinn sinn. Dovir ass d'Haaptpartie mat de Käerzen a Fensteren dann zentréiert. Maachen deen nach eng Kéier wann do manner Touristen ennerwee sin