Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Champion

 
Champion
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (29.03.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.03.2010
  • Gekuckt:
    27865
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1055x1500
  • Späicherplaz:
    522 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:29 23:18:57
  • Fotoapparat:
    DSLR-A700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Sigma 70-200 f/2.8
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44084]
Kommentar vum Fotograf:
Den 13ten März waren d'Championater am Judo, konnt weinst menger Verletzung leider nach emmer net kämpfen an hun d'Geleenheet genotzt vier Fotoen ze maachen.

Hai ass en klengen Viergeschmaach, wan ech se all faerdeg hun kennt eng Serie no...

Sin frou iwwert all Kommentar, wei emmer. ;)
Laurent76 30.03.2010 - 08:19
Den Cadrage ass mir e bessen ze enk, et wär och interessant ze gesin waat Feiß maachen...

Vun der Schäerf an der Beliichtung ass se awer tiptop, Merci 2,8 bigsmile
Metalbambi 30.03.2010 - 22:55
Hun daer och nach, waert der och nach gesin. smile
suraki 30.03.2010 - 21:00
du soutz natierlech erem an der éichter Rei, bei de Fraleitbigsmile
flott Actionfoto
Metalbambi 30.03.2010 - 22:56
Net AN der eichter Rei mee VIERDRUN... closed_eye

Merci
Miau 30.03.2010 - 21:12
waat ee mart enger Sony so alles kann "smile" flott Sportsfoto..
Metalbambi 30.03.2010 - 22:57
Jup, eben och net nemmen gudd Landschaftsfotoen. Mer hun eben eng gudd Spillsaach. smile
Gaga 30.03.2010 - 21:15
flott, wei den laurent soot, wann deen geschniddenen fouss nach drop wier, wier se besser !
därfs de do bletzen ?
da keinns de evtl e bessen dynamik dran brengen !
Metalbambi 30.03.2010 - 23:00
Daefs Bletzen, mee bei Sportsfotoen ass daat navel net ganz einfach (oder packt sou en Bletz 5fps?). Vrun allem awer wees ech selwer wei et suckt an oflenkt an dovier maachen ech et net. closed_eye

Fannen souwisou daat d'Beliichtung original besser get...

Merci awer
Gaga 31.03.2010 - 00:10
jo, mais wanns de mat laangem verschloss, just liicht dran bletz fier t'haaptpartien scharf ze kreien an awer dei ganz schnell deeler, ärm, been weinstens eng transparent dynamik hun, gesait t'foto mei no action aus ! wees net ops de verstees wei ech mengen, !
hun mer och geduecht dat et nawel net graat fun fierdeel as fier dei zwee dei do hiert bescht machen an du flashs dei do un wei een geckbigsmile !
Metalbambi 31.03.2010 - 03:11
Dachdach, verstin schon waats de mengs, hun och schon domader gespillt ob Partyen... smile Deidlecht Argument bleift souwisou de Steierfaktor, eng Sekonn net voll obgepasst an du bass verluer am Judo, do gin et keng 90min an 10 Koleegen vier dech rem rauszerappen! closed_eye
Gaga 31.03.2010 - 08:25
ma da kanns de jo den match (nennt een daat match ???) manipuleieren !

Laurent76 31.03.2010 - 11:05
@ Gaga: Fir daat waats du mengs ass zevill Luut dobannen, den Bletz kann nemmen anfreieren wann Luut am Raum relativ schwach ass. Wann deng Umgebungsluut awer ze hell ass bewirkt den Bletz just daß en als Obhellbletz zur Geltung kennt, anfreieren kann en awer net mei...
Soumadder häs te iwwert ganz Bild eng Bewegungsonschärft dei net mei schein ass...

Ech geif soen daß bei esou Evenementer nemmen solutioun bleiwt mat liichtstarken Objektiver ze schaffen. Naischt geet iwwert een gudd Glas, sin och derbai alles ob 2,8 obzerüsten, daat mecht süchteg an Liewen vill mei einfach bigsmile
Gaga 31.03.2010 - 11:26
an t'luuchten ausmachen dobannen ???

closed_eye
Laurent76 31.03.2010 - 13:35
hehe bigsmile
Dann geif den Bletz anfreieren, jo, mee eng liicht dynamesch onschärft wär awer dann och net dran...

Mee den Turneier am daischteren geif vieleicht un Reiz gewannen wann et daischter wär an just ab und zu esou een Bletz dobannen alles geif hell maachen.
Mee ech geif dann awer och mengen daß den AF ob der Fälsch wärt dreihen
Metalbambi 31.03.2010 - 16:17
Kreien schon emmer gesoot mer sollen ob Feeling schaffen, daat do wier dan dei drastech Art a Weis... XD

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 470 Gäscht online