Wat huet d'Blend mam verwackelen ze din? Et lait éischter un deenen 0.8s Bellichtungszait + e bessen Loft dass se verwackelt ass. D'Blend beaflosst just d'schärft vun der Bléih.
Se ass flott, awer fir main Goût ass d'Bléih zevill an der vertikaler mëtt, an en plus kippt se (kuck emol ganz uewen riets am Eck, do fällt et op!)
durch di kleng blend kriss de jo awa eng lang belichtungszait? wär d'blend mei op da wär d'belichtungszait jo mi kurz an d'Blumm wär och net verwackelt, an deem senn huet et och mat der Blend ze din.
Ech perséinlech fannen et net su flott dat d'Blumm verwackelt ass, fannen hei wirkt et wi wann et net gewollt wär iergentwéi, an di mini Blend deed och denger Bildqualitéit net gudd, besser wär flait e starken ND filter.
Wei mengs de daat lo mam ISO? Wan ech en robsetzen verkiezt meng Beliichtungsszeit sech jo nees.
Se kippt net, ass an engem Hiwwel, mee haet et awer besser riicht sollen setzen, hues recht.
Ma den klex an ech sin der meenung dass d'Blumm scharf sin sollt, an dofir recommandéieren mir (bei glaicher Blend) eben den Iso erop ze setzen, doduerch méi kuerz Beliichten, an d'Blumm gëtt scharf... esou wéi mir et préféréieren