Alle béid sin se langweileg, mee den wäissen Hannergrond huet den Virdeel dass d'Foto dono méi flexibel ka benotzt gin. Et kéint een zB Text rondrëm de Model fléissen loossen. Dat nennt een dann 'den Sujet op Wäiss isoléieren' an as virun allem bei Stock Fotoen ganz verbreet.
Dat war main Gedanken. Dat hätt der Foto dann en Sënn ginn well een dovunner ausgeet dass se weiderveraarbecht ka ginn an dee Moment wier dat jo ganz an der Rei well d'Model alleng ganz akzeptabel ass.
Sou bleiwt den HG en Deel vun der Gestaltung an deen fannen ech an deem Zesummenhang net gudd.
Weisou solle mer eis zerklappen? Kann ee keng zwee Wierder tauschen ouni dass een kennt fier een auserneen ze rappen?
pardon dass ech eppes gesoot, hun kent net mei fir.... oh mamm... war een " an een lool" hannendrun ,war also net eecht ze huelen... ma man man, nuecht
flott Model ech hätt just nach ennen iwwer der box dei oofzeechnungen (dei vlait durch d'jeansbox firdrun, dei et unhaat entstaanen sin) wegretoucheiert an uwen iwwer der lenkser broscht, waat as daat? een Tattoo waat verblatzt as oder net genuch mat pudder verdeckt? daat hätt ech och fort retoucheiert, war jo net op der Foto gewollt oder? WEll soss fannen ech se wirklech flott
pssssst ... daat ass eng Narb ...
an zwar een horizontalen Schnëtt ---> = Pfannenstiehlschnëtt ... fir dass een deen Schnëtt ënnert den Bikini verstoppen kann ... ))
hehe okay verstin, mais trotzdem mais lo wees ech jo emmer mei. haat daat jo nach net mais wannste sou eng narb nach nie gesin hues keint een halt mengen et wär vun der box (as jo dann schein roofgespilt )
Jo doo sinn ech aaner mehnung...eng Flott Pose supper gemach, ech wees dass et nett einfach ass, einfach een dohin ze stellen an lass...ne esou geet et nett
Bis op Model fannen ech och näischt wiirklech intressantes un där Foto. Mee den Hannergrond gefällt mer och besser wi e wäissen, d'kann een awer vill méi dräus maachen wann een e net su uniform ausliicht. D'Beliichtung ass an der Reih, awer net spannend, du häss kinten eng mi intresant Beliichtung sichen, fir d'Kurven ze betounen (z.B!) D'ass natierlech och net einfach fir eng Intressant Pose ze fannen firun engem eidelen Hannergrond, mee och do kanns de awer mat der richteger Luucht vill nohellefen.
also ech fannen dass heen guer net esou schlecht mat der beliichtung geschafft huet ... grad am geigenteel ... photo gesait propper aus ...den hannergrond ass ...wei esou oft am studio langweileg ... mech steiert dei total onnatiirlech haltung vum sengem lenksen aarm ... d waer besser wann et giff an d hoer greifen ...
ech hu jo och net gesot en hätt schlecht geschaft mat der Beliichtung
mee d'ass just eben näischt äussergewéinleches... en hätt et nach besser kennen maachen menger meenung no.
ech ging och soen, dass se bessi langweileg ass, mee ech willt awer nach dozou soen, dass eben graad wann een ee (semi-?) profi-model huet, een sech eben mei op d'luucht kann konzentreieren, well d'model eben d'posen einfach esou mecht ouni laang Uweisungen! An well ech gesin hun, dass daat eben elo net dain eischten Shooting matt model war, sin ech emsou mei erstaunt dass esou weineg wert op der beliichtung lait!