Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wou sin meng Schong

 
Wou sin meng Schong
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.10.2006
  • Gekuckt:
    28431
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    48 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    571x800
  • Späicherplaz:
    285 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Studio Equip.

Am PS licht nogeschaerft. Hannergrond retoucheiert.

Fir anzesetzen: [pg_img=10913]
Kommentar vum Fotograf:
Enstan en Desnteg beim Shooting.
annemie 12.10.2006 - 14:45
jo ok...HG... closed_eye mee rosa bei deen doten stile? closed_eye)
mee soss: woohoo...fannen ech d'foto grandios...
Luc_69 12.10.2006 - 18:25
Merci annemie, rosa wor och eischter als Witz gemengt, mee ech mengen dat haas du och schon verstan. grins
annemie 12.10.2006 - 19:33
ach neeeeeee?? closed_eye) war scho richteg ukomm closed_eye) mee muss dach awer besen de uutz dreiwen, oder? *onscheleg-kukk*
Luc_69 12.10.2006 - 23:20
Genau, ech wert mar awer trozdem nach en donkel rouden Hannergrond Karton zouleen, do kann een super Effekter krein wann den Model eng deischter Hautfarw huet.
josedipa 12.10.2006 - 15:53
Fannen ech schons vill besser esou wei's de se elo verschafft hues. Trotzdem sin ech nach emmer der Meenung dass eng Foto um Fotoapparat richteg gemaach gett an net duerno um photoshop, haat jo schons esou een Komentar fleien geloos bei enger Foto am Ufank wei ech mech ugemellt haat mee den ass net op vill Versteesdemech gefall.
Mee sinon gudd Foto gudd Idee.
Luc_69 12.10.2006 - 18:21
Salut Jose,
Mam retoucheieren kann ech der nemmen deels recht gin. Natirlech soll eng Foto gudd gemach gin. Mee eng schlecht Foto kritt een och net mei gudd retoucheiert.

Lo ass et awer sou, wann een digital fotographeiert koennt een lanscht d' Retoucheieren souwieso net mei derlanscht. a) knips de am raw, mussen d' Photoen nogeschaerft gin. Ob allefall bei Nikon. Nikon mecht dat bewost an schreift dat och an seng Doc. b) knips de am JPEG retoucheiert dein Apparat durch sein JPEG Program jo sowieso ofhaenge vun dengen Astellungen (Hellegkeet, Schaerft, Weisofgleich, Farw etc..).

Also knipsen ech am RAW an schaerfen meng Photoen liecht no.

Des Photo ass 1. Den Hannergrond retoucheiert an 2. liecht nogeschaerft. Mie ass do net gemach gin. Den Hannergrond wor zevill ongleichmeisseg weiss. Dat ass eben esou wann een nemmen eng Lucht huet fir 2,83m weis unzeliichten. Ech gesin et awer gur net schlemm wann eng Foto retoucheiert get. Dat hun mir och schon Freier beim Entwekelen gemach. Ech wees net obs du selwer entwekelt hues, Ech jo.

Mir hun dun emmer eng Grookart mat fotografeiert fir beim Entwekelen dei richteg Farwen ze krein. D'Beliichtung hun mir iwert eng Beliichtungsrei gemach.

So lo so mer mol wat do aneschters wor, ausser dass et am Photoshop lo vill mei einfach an mei schnell geht.

- Luc -
josedipa 12.10.2006 - 18:54
Jo daat haat ech och schons eng keier gepoust, bei der moderner Fotografie geheiert retoucheieren dobai. Ech schwetzen awer ganz a guer net vu retouchen hei, ech schwetzen vun Luuchtastellung bei der Foto an net bei nokontrasteieren, verschaffen (saturatioun, schärft etc) duerno. Du kanns och op enger Nikon an der Camera an den Profiller ragoen an deng Schärft bestemmen, dein Kontrast, deng Faarftemperatur etc. du hues topobjektiver an domat kanns de daat resultat waats de elo op der Foto geseis schons vu viereranmaachen.
Dech haat dei eischt Foto gepoust gesin, wou's de se op der Aarbescht traiteiert haas mat engem net calibreierten ecran. dei ass schrecklech sableg riwerkomm. Elo geseit se ganz gudd aus. Du hues nogeschärft, den Hannergrond retoucheiert an mat der pincette an de courben waissgemaach an dun d'saturatioun ropgesaat an och den Kontrast. Ass ok well Photoshop ass jo dofier do. Mee ech wollt der just soen dass wanns de Zait hues an wells dei digital Fototechnik um Apparat leieren da kanns de daat selwescht op der Camera astellen. Am Ufank brauchgs de dofier e besschen mei laang mee mat der zait gess de drugewinnt an dann geet daat fex. freier hun ech och selwer entweckelt esou gudd faarweg wei SW. Ech hun awer och fier dei richteg faarw op den Fotoen oder saturatioun oder Kontrast mat verschiddenen Filmer an Marken geschafft fier daat resultaat ze kreien waat ech wollt.
Photoshop ass mei schnell richteg
Luc_69 12.10.2006 - 19:34
Meijo wanns de vun Luuchtastellung schwetzt dei ass jo gemach an dei fannen ech och ganz gut esou wei se ass .
Ech wees dass ech an den Profiller all dei Sachen dei ech elo am Photoshop gemach hun kann astellen, mee ech well dat gur net. Ech well meng Photoen am raw machen fir dei bescht meiglech Qualiteit ze hun an mech net ofhaenge machen vun engem Schaerfungsprogram den an menger Kamera ass an lang net esou präzis wei den PS.

Ech hun meng Profiler esou gemach wei ech se gudd fannen. Am PS brauch ech lo just nach ze schaerfen an Kontrat beisetzen oder ewech huelen je no der Situation. Eventuel mat der Saturatioun spillen. Dat ass an 5 Minuten geschitt an geseit durno genau esou auss wei ech mer dat virstellen.

Dei Photo vun Gescht kanns de ofhaken, durfir hun ech se jo och gelescht. Et kann een keen gescheiten EBV machen wann den Ecran net callibreiert ass. Dat wert mer net mei passeieren. Heiheem ob mengem MAC ass dat alles wonnerbar.

See you - Luc -
josedipa 12.10.2006 - 21:01
D'Luuchtastellung waar net gudd, den Hannergrond waar ze hell op enger sait an huet voll op den Modell an and'Objektiv zereckgestrahlt, dofier waar en Flaum op der Foto. Du sees deng Camera wier laang net esou präzis wei des PS, ech mengen du kenns deng Camera net richteg a wees net waat se alles kann. Den PS verpixelt deng Schärft, deng camera net. Iwerlee eemol, du mess eng Foto fier eng Zeitung oder irjendeng Pub an du hues keng Meiglechkeet fier se an den PS ranzehuelen an se ze verschaffen wells de se dem Klient direkt muss matgin, an sie kent dann raus wei se eeben gemaach ass, kucke der dain original un wei se ass par rapport zu deem waaats de draus gemaach hues.... Du mess dech oofhängeg vum PS deet mer leed. Ech wees dass vill leit hei um site sech schons denken waat e Klugschaisser mee et geet net duer, sech en digitaalen Fotoapparat ze kaafen, am RAW drop lass knipsen an dann ze denken am PS de Rescht kennen ze maachen. Et soll een sain Apparat kennen leieren.
Luc_69 12.10.2006 - 21:40
Vieleicht ass mir do eppes entgang mee ech hun den Hannergrond ob menger Foto nach mei hell gemach net mei deischter. Bei mengen Photoen stungen d' Bletzer aneschters wei beim Felix ....

Tjo dann hun ech mir lo eben en Digitalen Photoappart kaaft an knipsen nach just drob lass. An et ass gudd dass ech alles vergies hun wat ech an der Zeit bei menger F100 hun missten leieren ....

Wees du ech machen dat heiten aus Hobby, hun weder Klienten nach Zeitungen fir dei ech Photoen machen
An ech sin och lo frou dass ech alles gleewen kann wat ech an Zukunft an den Zeitungen ob den Fotoen gesin.

Gut dass du mir lo och gesot hues dass d' Profien direkt hier Memory Kart an d' Redaktion gin an net mei mam Photoshop bearbeschten.
An och gudd dass an all denen Bicher dei d'Firdeeler vum RAW erklaeren Domeeten stin, dann kann ech dei och lo all ewech geheien an brauch mer keng Gedenken mei doriwer ze machen.
josedipa 12.10.2006 - 22:47
Ech mengen ech sin e besschen weit gaang an hun dech veriergert... Mee bon du dierfs net einfach digitaal fotografie mat der analoger verglaichen, et sin dei selwescht Richtlinen mee et ass eppes ganz aanescht. Sou wei's de d'Luucht an der analoger astells kanns de se och an der digitaaler astellen mee et kennt net daat selwescht eraus.
Ech mengen just dass de elo meng Wieder net verdreien kanns a soen dass ech gesoet hätt RAW wier naischt wert, daat hun ech nämlech net, mee ech gesin schons du schwetz vu Bicher an du mess daat waat an den Bicher steet. Daat ass op der enger Sait schons ok dass de dech informeiers mee op der aanerer Sait kanns de leider net duerno goen aus villen verschiddenen Grenn. Sie soen der fier eng Foto deementsprechend sou ze maachen solls de deng Spoten hei an do astellen sou deng Kamera, sou dain etcetcetcetc. mee si soen daat an deenen Konditiounen an deenen sie se gemaach hun, wanns du dei selwescht Foto wells maachen muss du genau deen selweschten Raum hun, dei selwescht Mark vu Spoten an och accessoiren drop, selwescht agestallt op dei selwescht faarwtemperatur brengen mat deenen selweschten Distanzen schaffen, deen exakt selweschten Modell an dei selwescht Kleeder hun, da kennt se vlaischt selwescht eraus. Mee wei ass et dann wann den raum eng aaner Faarw un de Maueren huet, en ass mei grouss oder mei kleng, wei ass et mat der Parasitenluucht, mat der Reckstrahlung, dai Spot ass een aaneren, deng Liichtwaan ass mei oofgenotzt vun den Spoten an mei giel wei waiss, den Modell huet eng aaner Ho'erfaarw, eng mei deischter Haut, aaner Kleeder un an d'Luucht gett net selwescht opgeholl oder net selwescht zreckgeworf etcetcetc. Da kriss de en aanert Bild an daat waats de am Buch gelies hues ass nemmen eng Richtlinn mee du muss selwer duerno astellen bla bla bla. Sou weis du mier entwers klengt esou als dass mer naischt wells oofhuelen an einfach zoumechs, du probeiers mol net mech ze verstoen. Ech hu net gesoet deng Foto wier net gudd, gei nees erop an do steet geschriwen dass ech se esou gudd fannen.
Deng reaktioun ass dann elo geheien ech alles ewech.. me nee falsch maach et dei nächst keier aanescht a probeier ze leieren well. e Mensch deen mengt en keint naischt mei beileieren ass op der verluerener Sait. Du treffs emmer op Menschen dei eppes mei wessen wei's du. Ech gesin daat all Daag an sin frou dass ech bei sou Leit ka leieren. Ech si secher dass den Klex mech och Saachen keint leieren och wann en 20 Joer mei jonk ass wei ech.
Luc_69 12.10.2006 - 23:10
Du schreiws den Message hei wei wan ech mein Model un den Bueden ugeneelt haett, en Buch derniewend gelucht haett, den Meter geholl haett d' Mossen vum Buch iwerdron haett bla bla bla....

Dat hun ech awer net gemach, ech hun mein Karton geholl den net dei allerbechten Qualiteit huet an durfir Faalen geheit. Durno hun ech meng Softbox rechts gestall an engem 45° Wenkel an se ob Blend 5,6 agesatllt an zwar mat mengem externen Beliichtungsmiesser wei ech dat och emmer am Studio gemach hun wei ech nach analog fotographeiert hun. Durno hun ech mein Selwerprabelie lenks gestallt als Kontrastbletz an en ob Blend 2,8 agestallt. Och nees mam Beliichtungsmeeser. Well ech dun den Hannergrond wollt ganz weis krein, awer nach just een Blezt hat hun ech den ob den Hannergrond gelicht mat Blend 8,0. Leider hat ech och nemmen eng kleng Cache fir den Blezt zum Model ofzeschirmen.

Haett ech nach 2 Beltzer iwerech gehat, an och grous Cachen gehat, dann haett ech mein Hannergrond keinten schein douce beliichten an vum Model ofschirmen, leider hat ech dei awer net.

Durno hun ech nach enkeier eng Multiblitz miessung mat mengem exteren Beliichtungsmiesser gemach an Richtung Kamera wou ech dun meng Blend an meng Zeit agestallt hun. An durno hun ech menge Fotoen gemach. Dass lo den Model liecht vum Hannergrond mat ugestralt get, dommader kann ech gudd liewen. Dei naechsten Keier hun ech grous Kartonen bei Hand dei ech als Cache kann benotzen.

Meng och net dass ech der Meenung sin ech keint alles an waer den Beschten, bestemt net. Mee behandel mech och net wei wann ech nach nie en Fotoapparat am Grap gehat haett an net weist wouvun ech geif schwetzen.
Ech loosen mech gaer beleieren an sichen emmer fir eppes beizeleieren, soss geif ech meng Fotoen gur net hei eran setzen. Mee et ass emmer den Touen den d' Musek mecht. Denk vieleicht drun wanns de den Leit dei naechsten Keier enerstells sie weisten net wie hiert Material geif funktionieren. Du kenns mech net an wees och net weilang an wat ech bis elo fotographeiert hun.
annemie 12.10.2006 - 22:36
Huch, waat ass dann hei lass??!!
"Photogen.lu ass eng Foto Community déi als Ziel huet Leit zesummen ze bréngen déi gären hier Fräizäit gebräuchen fier der Fotografie ze widmen" --> Hobby

also ech verstinn hei well eppes net: wisou get PS (oder DRI) dann erfonnt wann se dann verflucht gin?! Et ass jo net dass n e m m e n PS am spill waer......mee bei puer Klengechkeeten as jo awer ansech naischt derbai?!
...mee vu que dass ech net technik-kenntnisser hun...haalen ech lo de Baak an denken mer maint.... closed_eye)

josedipa 12.10.2006 - 22:52
Fierwaat wellt der mer meng Wieder am Mond verdreien, ech verfluchen PS oder DRI net, ech well just soen dass et net nemmen daat gett an dass et falsch ass ze mengen 'ech maachen d'Foto elo esou an duerno maachen ech de Rescht am PS'. Jo et ass hobby mee et kann een jo och do baileieren oder net? Dofier ass dei Community jo do, du weis eng Foto an aaner Leit soen der waat gudd a waat schlecht ass a wann et schlecht ass wellen se der hellefen et besser ze maachen.
annemie 12.10.2006 - 23:12
Ech wël kengem d'wierder am mond verdreinen...ok "verfluchen" war vlait besen radikal... mee kent trotzdeem besen dorop eraus... Am Kär gin ech der suguer jo (vlait) nach recht, mee zum Beispill daat mat zeitung an affichen kent eischter op Beruff eraus wei op Hobby. Dass een am Hobby net baileieren kann/soll hun ech jo nie behaapt... soss breicht et PG jo net ze gin closed_eye)
Ech behaapten jo och net dass et net geng ouni ps an dri goen (kann ech net beurtelen) (dem alma seng ouni-dri-foto as jo ganz gudd beispill); mee ech fannen et einfach onfair dass wann een eng gudd Foto eroplued an derbai schreiwt PS, dass de engem dann viirgehais et net op der Kamera agestallt ze hun. (as jo net fir d'eischt). menfin! Ass just main POV... ouni dech welen unzegraifen oder soss eppes...
josedipa 12.10.2006 - 23:16
jo ech sin vlaischt e besschen direkt mat mengen comment, oder huelen vlaischt de falschen Toun. Daat mat Zeitung hun ech jo awer och geschriwen 'stell der mol fier du geifs'...
Kwitchibo 13.10.2006 - 00:34
Richteg!
josedipa 12.10.2006 - 22:53
Ech well awer och nach soen dass de eng Foto perfekt prepareieren kanns mee dei bescht mess de nach emmer aus dem Gefill an aus dem Bauch eraus.
Kwitchibo 13.10.2006 - 00:36
Moien LUC smile hun guer keng loscht alles ze liesen !! dofir soen ech da guud Foto ! Hannergront as tiptop esou flottflott belichtung as elo net immens Speziel mee ok smile
Luc_69 13.10.2006 - 08:45
Freet mech dass der d'Foto gefaellt. Mir haten och gur keng speziel beliichtung ugestrebt. Mir wollten d' Model just gut ausliichten.
Luc_69 13.10.2006 - 08:58
An elo fir dei dei et ganz genau wellen wessen.

Eng RICHTEG scharf Foto get weder durch den Schaerfungsprogram am Apparat, nach durch den Photoshop gemach !!

Eng Foto get richteg scharf wann
a) D' Foto richteg focuseiert ass
b) d'Beliichtungszeit mei grous ass wei d' Brennweit vum Objective (ass en Richtwert an treft net zou wann d' Photo mat Stative gemach get) an
c) d'Hyperfocal Distance zum Model oder Motive richteg ass.

Dei Distance steht an Relation teschend der Blende dei gewielt gouf an der Brennweit vum Objective. All Objective huet eng Blend an eng Hyperfocale Distance wou et besonneg scharf Fotoen mescht.

No der Formel:

s_h = \frac{f^2}{N \cdot d_u}

* s_h: hyperfokale Distanz
* f: Reale Brennweite (net Klengbild-Äquivalent)
* N: Blendenwert: f/2.8 => N = 2.8
* d_u: Onschärfekrees-Durchmeesser

Ups, lo hun ech mech verroden dass ech an enger Schoul schaffen.
josedipa 13.10.2006 - 10:36
Muss ech dech elo all keiers rechnen wann ech eng schaarf Foto well smile)))) A wanns de net richteg geseis a wann dein Fanger nawell net richteg dreckt oder dein Objektiv ennert aller S.. ass gett se awer onschaarf.
Gei op dain Aan, dain Gefill a daat waats de am Bauch hues, da gett deng Foto sou wei's de se geseis, schaarf oder net.
Luc_69 13.10.2006 - 11:50
Nee natirlech net, ech wollt just och lo mol enkeier um Punkt reiden an weisen wei dat dann ass. Oder mengs de ech geiff bei all Photo rechnen. An demno weieen Schnet een well machen oni PS ze cropen kann dei Distanz mol ganz schnell enerschridden gin.

Wann een awer lo schlecht geseit, oder et huet een sein Sucher Okular falsch stoen, dann kritt een och keng scharf Photoen aus dem Bauch eraus.
En plus sin ech och der Meenung dass een d'Phototheorie muss beherschen well een soss och aus dem Bauch eraus keng technesch (net künstlerech) gudd Photoen machen kann. Well wann een Theorie net kennt kann een och net ofschetzen firwat et neischt get. Mat probeieren fend een vill eraus, awer net alles.
josedipa 13.10.2006 - 10:38
genau daat haat ech der jo schons virdrun geschriwen, dass de dech informeieren kanns, (muss) an dann awer vun dier aus et selwer probeieren muss ouni dech 100% un d'Buch ze haalen.
Natierlech brauchs de en bestemmtenen Know How fier kennen eng ordentlech Foto ze maachen an natierlech stemmen vill saachen dei an Bicher stin mee um Feld ass et ganz aanescht well ganz vill an aaner kritéren matspillen.
Luc_69 13.10.2006 - 13:21
Dann sin mir eis jo eens.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 464 Gäscht online