Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Marta Jandova (Die Happy)

 
Marta Jandova (Die Happy)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.09.2006
  • Gekuckt:
    32937
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/100
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    134 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    388 KB
  • Originaldatum:
    ..03.09.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 20D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: MĂ«nschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:
Out of the Box, weder noogeschärft, nach entrauscht oder gecropt.

Fir anzesetzen: [pg_img=9699]
Kommentar vum Fotograf:
Sängerin vun Die Happy, Marta Jandova - Terres Rouges Festival zu Esch.

3200 ISO well ech een d'100-400 vun Canon benotzt hun (an domadd eng Offenblend vun nemmen 4.5 haat), well et gereent hued, an well den Light Setup relativ schwiereg waar.

Wollt se unsech uploaden fir ze weisen wéi wéineg d'20D am fong rauscht :) Bon et gin och Fäll wou et méi schlemm ass.

D'Noise Reduction waar an den CFn ugeschallt - an gouf direkt am JPG fotograféiert matt AV/TV Safety Shift (dofir déi kleng Blend).
sutewi 05.09.2006 - 23:27
an winie kommen foton vun tokio hotel xDbigsmile
MadSir 05.09.2006 - 23:30
Setzen net all d'Fotoen vum Festival hei online smile

Kuck an mengem Portfolio, do sin der nach ee puer.
sutewi 06.09.2006 - 00:50
boahboahboah!!!! also deng foto hei ass chenial!!!
an ehm dierf ech ma d'foton vun tokio hotel huelen???? büttö
MadSir 06.09.2006 - 15:14
Du kanns se leider net huelen fir anzouschanecht ze publizéieren. Wanns du se op dengem Computer hues, daat kann ech eh net iwerpreifen, mee du kanns se elo net ob eng aaner Homepage setzen.
Ech kann se och nemmen online setzen als Portfolio-Zweck.
sutewi 06.09.2006 - 16:50
nee op eng homepage well ech se nett setzten geet ma just drem fia biller vum cocnert op mengem pc ze hun als erennerungen, an dei foton vum eldoradio sin nett su wei deng
Neckel 05.09.2006 - 23:29
Achsu scheisse...pardon dass ech dat lo sou soen...mee dei Beliichtung ass genail, ok wann ech kucken 3200 ISO, wow wat eng Foto, eierlech gesoot, fehlen mer d'Wieder bessen....moment dat hun mer gleich...closed_eye)))

Also eng wonnerbar Foto hues du gutt fotographeiert...smile)
MadSir 05.09.2006 - 23:33
surprised)

Merci!
MadSir 05.09.2006 - 23:42
Fotorätsel: Ween fennt den Hotpixel? smile

Hun mer en Plus (waat een hei awer glécklecherweis net gesait, well et esou däischter ass) een Stëtongueskär um Sensor organiséiert unhappy

Ach jo, wees Zoufälleg een, wiesou ech déi Artefakten ennert dem Aarm hun? Ass daat wéinst dem Spotlight?
Minaa 06.09.2006 - 01:39
Mengen ganz ech haat dech gesinn smile Hu mech nämlech emmer opgereegt daat ech mein Fotoapparat net mahuelen konnt soubal ech iergenteen mat mega Objektiv do gesinn hun rondrem rennen bigsmile

Géing d'Foto hei awer besser fannen wann d'Luucht aanescht ging faalen.

Gin mer deng Gallery dann mol unkucken smile
MadSir 06.09.2006 - 15:20
Wéi net matthuelen konnt? Do waaren Kanner bei Tokio Hotel dei hun d'Video-Kamera mattbruecht smile

Also beim Optrett vun Die Happy hun mengen ech vill Fotografen matt der Luut missen kämpfen.
little-dreamer 08.09.2006 - 09:48
Eng gudd Fotosmile Hm...Hotpixel... Mengs de deen Ziipii-punkt do op der rietser Säit an der heischt vun senger Kaap? Deen klengen rouden Fleck ?
MadSir 08.09.2006 - 21:22
Jo genau do ass den Hotpixel (Info) smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 663 Gäscht online